2
1 Op de Punkt Op de Punkt Obeler Beetebuerg Hunchereng Fenneng Näerzeng Beetebuerg Abrëll 2011 Kontakt- an Informatiounsblat vun der CSV Beetebuerg Ënnert der Responsabilitéit vun der CSV Sektioun Beetebuerg Léif Matbierger a Matbiergerinnen, Am Hierscht krut ech vu menger Partei d’Aufgab, eng Equipe fir d’Gemengewahle vum 9. Oktober ze presentéieren. Ech si frou Iech matdeelen ze kënnen, datt eis Generalversammlung eestëmmeg op Fréijoersufank 13 Kandidaten nominéiert huet, déi mir Iech op dësem Depliant virstellen. 13 Kandidaten, déi bereet sinn, sech fir Iech am Gemengerot an- zesetzen. Eng Equipe net fir sechs Méint, mä fir sechs Joer. Fraen a Männer, déi sech schonns duerch hiert Engagement ausgezeechent hunn an déi eis Gemeng wëllen no vir bréngen. Mat mir kandidéieren – wéi versprach – sechs Fraen a sechs Männer. Mir schwätzen net iwwer Chancëgläichheet, mir praktizéieren se. No 24 Joer absoluter LSAP-Majoritéit a ville verpasste Chancen ass d’Zäit komm, nei Chancen ze notzen. Mir hunn Prioritéiten definéiert an invitéieren Iech weider un en- gem Programm vun neie Chancen matzeschaffen. Mir sinn sécher net perfekt awer mir wëllen eist Bescht ginn. Léiert eis Kandidaten kennen. Mir si fir Iech do. Vir a nom 9. Oktober 2011. Laurent Zeimet NEI CHANCEN Eis Prioritéiten 2011–2017 1. Eng biergerno Gemeng Mir wëllen eng absolut Demo- kratie amplaz vun enger absolut Majoritéit. No 24 Joer wëlle mir duerch eng staark CSV eng weider absolut Majoritéit vun der LSAP verhënneren. Dat ass d’Viraussetzung fir en neie Poli- tikstil an eiser Gemeng: Besser Decisiounen duerch méi Diskus- sioun. De Gemengerot soll sech bei sengen Entscheedungen op den Avis vu liewegen Kom- missioune verloosse kënnen. Mir wëlle Bierger fréi an den Décisiounsprozess abannen. 2. Eng kannerfrëndlech Gemeng Mir wëlle modern Schoulen an eng flexibel Kannerbetreiung an eisen Uertschaften. Mir triede fir eng méi enk Vernetzung vu Kannerbetreiung a Schoul an. De Bau vun enger neier Schoul fir Plaz an de bestoende Ge- baier ze gewannen an de neie pädagogeschen Ufuerderunge gerecht ze ginn, schéngt eis noutwenneg. 3. Eng sécher Gemeng Méi Sécherheet duerch man- ner Verkéier. Wann eis Gemeng weider belaascht gëtt, du- erch Logistikzenter, Stadion a Nom Premier Jean-Claude Juncker senger Interventioun an der Chamber stinn Iech eis Mandatairen, Ministeren an Deputéiert Ried an Äntwert zur „Lag vun der Natioun“ Kommt an diskutéiert mat! Donneschdes, de 5. Mee Beetebuerger Schlass Ufank ëm 19.30 Auer Weider Informatiounen op csv.lu CSV on TOUR Mega-Akafszenter, da mussen entspriechend Kompenséier- unge kommen! Mir setzen eis dofir an, datt e Mobilitéitskon- zept fir eis Regioun ausge- schafft gëtt. Eng Ëmgehungs- strooss kann dobäi net direkt zum Tabu erklärt ginn. Mir si fir eng regional Zesum- menaarbecht vun eise Ret- tungsdéngschter a wäerten en neie Standuert fir den Zenter iwwerpréiwen. 4. Eng fair Gemeng Mir wëlle betreit Wunnen aus- bauen a soziale Wunnengsbau endlech nees ënnerstëtzen. Virun allem jonk Famille sollen nees eng Zukunft an eiser Gemeng hunn. Zum Beispill doduerch, datt d’Gemeng Bauterrain zu gënschtege Konditiounen zur Verfügung stellt. Mir schafen déi onsozial LSAP-Bautaxe vu 6 000 Euro am éischte Budget of. 5. Eng lieweg Gemeng Mir setzen op d’Veräiner fir d’Zesummeliewen an eiser Gemeng nei ze beliewen. Dofir mussen d’Veräiner gestäerkt ginn. Duerch eng organisa- toresch Hëllef, zielorientéiert Subsiden a bescht Infrastruktu- ren. Duerch en neie Kulturzenter soll an der Sportshal Plaz gi fir d’Sportsveräiner. 6. Eng nohalteg Gemeng Mir wëllen eng transparent Ausschaffung vun engem neie Bebauungsplang. Net Promo- teure sollen decidéieren, wéi eis Gemeng sech soll entwéckelen, mä d’Politik an d’Bierger. Mir si fir e moderate Wuesstem vun eisen Uertschaften. Prioritär musse Baulücke geschloss ginn. Nei Lotissementer mussen un den ëffentlechen Transport ugeschloss sinn. Mir wëllen de Verkéier an eisen Uertschaften och duerch kuerz Weeër stabili- séieren. Mir sanéieren déi kommu- nal Gebaier a suerge fir eng erneierbar Energieversuergung vun alle Ménagen. Wie sech fir „grénge Stroum“ décidéiert soll finanziell ënnerstëtzt ginn. www.bettembourg.csv.lu

Op de Punkt

Embed Size (px)

DESCRIPTION

Informatiounsblad vun der CSV Gemeng Beetebuerg.

Citation preview

Page 1: Op de Punkt

1

Op d

e P

unkt

Op de PunktObeler •

Beetebuerg • Hunchereng •

Fenneng • Näerzeng •

BeetebuergAbrëll 2011

Kontakt- an Informatiounsblat vun der CSV Beetebuerg Ënnert der Responsabilitéit vun der CSV Sektioun Beetebuerg

Léif Matbierger a Matbiergerinnen,

Am Hierscht krut ech vu menger Partei d’Aufgab, eng Equipe fir d’Gemengewahle vum 9. Oktober ze presentéieren. Ech si frou Iech matdeelen ze kënnen, datt eis Generalversammlung eestëmmeg op Fréijoersufank 13 Kandidaten nominéiert huet, déi mir Iech op dësem Depliant virstellen.

13 Kandidaten, déi bereet sinn, sech fir Iech am Gemengerot an-zesetzen. Eng Equipe net fir sechs Méint, mä fir sechs Joer. Fraen a Männer, déi sech schonns duerch hiert Engagement ausgezeechent hunn an déi eis Gemeng wëllen no vir bréngen.

Mat mir kandidéieren – wéi versprach – sechs Fraen a sechs Männer. Mir schwätzen net iwwer Chancëgläichheet, mir praktizéieren se. No 24 Joer absoluter LSAP-Majoritéit a ville verpasste Chancen ass d’Zäit komm, nei Chancen ze notzen. Mir hunn Prioritéiten definéiert an invitéieren Iech weider un en-gem Programm vun neie Chancen matzeschaffen.

Mir sinn sécher net perfekt awer mir wëllen eist Bescht ginn. Léiert eis Kandidaten kennen. Mir si fir Iech do. Vir a nom 9. Oktober 2011.

Laurent Zeimet

NEI CHANCENEis Prioritéiten 2011–2017

1. Eng biergerno Gemeng

Mir wëllen eng absolut Demo-kratie amplaz vun enger absolut Majoritéit.

No 24 Joer wëlle mir duerch eng staark CSV eng weider absolut Majoritéit vun der LSAP verhënneren. Dat ass d’Viraussetzung fir en neie Poli-tikstil an eiser Gemeng: Besser Decisiounen duerch méi Diskus-sioun. De Gemengerot soll sech bei sengen Entscheedungen op den Avis vu liewegen Kom-missioune verloosse kënnen. Mir wëlle Bierger fréi an den Décisiouns prozess abannen.

2. Eng kannerfrëndlech Gemeng

Mir wëlle modern Schoulen an eng flexibel Kannerbetreiung an eisen Uertschaften. Mir triede fir eng méi enk Vernetzung vu Kannerbetreiung a Schoul an. De Bau vun enger neier Schoul fir Plaz an de bestoen de Ge-baier ze gewannen an de neie pädagogeschen Ufuerderunge gerecht ze ginn, schéngt eis noutwenneg.

3. Eng sécher Gemeng

Méi Sécherheet duerch man-ner Verkéier. Wann eis Gemeng weider belaascht gëtt, du-erch Logistikzenter, Stadion a

Nom Premier Jean-Claude Juncker senger Interventioun an der Chamber stinn Iech eis Mandatairen, Ministeren an Deputéiert Ried an Äntwert zur „Lag vun der Natioun“

Kommt an diskutéiert mat!

Donneschdes, de 5. MeeBeetebuerger Schlass

Ufank ëm 19.30 Auer

Weider Informatiounen op csv.lu

CSVon TOUR

Mega-Akafszenter, da mussen entspriechend Kompenséier-unge kommen! Mir setzen eis dofir an, datt e Mobilitéitskon-zept fir eis Regioun ausge-schafft gëtt. Eng Ëmgehungs-strooss kann dobäi net direkt zum Tabu erklärt ginn.

Mir si fir eng regional Zesum-menaarbecht vun eise Ret-tungsdéngschter a wäerten en neie Standuert fir den Zenter iwwer préiwen.

4. Eng fair Gemeng

Mir wëlle betreit Wunnen aus-bauen a soziale Wunnengsbau endlech nees ënnerstëtzen. Virun allem jonk Famille sollen nees eng Zukunft an eiser Gemeng hunn.

Zum Beispill doduerch, datt d’Gemeng Bau terrain zu gënschtege Konditiounen zur Ver fügung stellt. Mir schafen déi onsozial LSAP-Bautaxe vu 6 000 Euro am éischte Budget of.

5. Eng lieweg Gemeng

Mir setzen op d’Veräiner fir d’Zesummeliewen an eiser Gemeng nei ze beliewen. Dofir mussen d’Veräiner gestäerkt ginn. Duerch eng organisa-toresch Hëllef, zielorientéiert Subsiden a bescht Infrastruktu-

ren. Duerch en neie Kulturzenter soll an der Sportshal Plaz gi fir d’Sportsveräiner.

6. Eng nohalteg Gemeng

Mir wëllen eng transparent Ausschaffung vun engem neie Bebauungsplang. Net Promo-teure sollen decidéieren, wéi eis Gemeng sech soll entwéckelen, mä d’Politik an d’Bierger. Mir si fir e moderate Wuesstem vun eisen Uertschaften. Prioritär

musse Baulücke geschloss ginn. Nei Lotissementer mussen un den ëffentlechen Transport ugeschloss sinn. Mir wëllen de Verkéier an eisen Uertschaften och duerch kuerz Weeër stabili-séieren.

Mir sanéieren déi kommu-nal Gebaier a suerge fir eng erneierbar Energieversuergung vun alle Ménagen. Wie sech fir „grénge Stroum“ décidéiert soll finanziell ënnerstëtzt ginn.

www.bettembourg.csv.lu

Page 2: Op de Punkt

4

Op d

e P

unkt

Eis Kandidaten

Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijoers-fest Fréijoersfest Fréijoersfest Fréijo-

Fréijoersfeste Sonnden, 22. Mee

op der Kiercheplaz zu Beetebuerg

(bei schlechtem Wieder vis-à-vis am Jugendhaus)

Apéro vun 11 Auer un. De ganzen Dag dat Bescht vum Grill.

Gewann mat de Kandidate vun der CSV!Mir stellen eis vir: All Dag e Kandidat am Portrait op www.beetebuerg.csv.lu vum 5. bis den 18. Mee!

Maach mat beim Kandidatespill! 13 flott Gewënner!

ALL DAG E KANDIDAT – ALL DAG E GEWËNNER.

Nous nous présentons: Du 5 au 18 mai découvrez chaque jour un candidat sur

www.bettembourg.csv.lu et gagnez un cadeau!

Laurent Zeimet (36)

ass Gemengerot. Vu Formatioun Jurist, schreift hien haut fir déi politesch Säite vum „Luxem-burger Wort”. De Laurent ass mam Diane Stefanutti bestued a Papp vum Laura. Hien ass President vun der Beetebuerger Musek a vum Parverband.

Nadine Demuth (29)

këmmert sech als Aide-soignan-te bei „Hëllef Doheem“ ëm eeler Matbierger an engagéiert sech a senger Fräizäit aktiv am Centre d’Intervention (Cibett). D’Nadine ass mam Sven Weber bestued a Mamm vum Philippe.

Roland Disiviscour (55)

schafft beim Waassersyndikat Sebes. Hien ass Chef-Taucher a Spriecher vum Weiserot vun de Rettungsdéngschter. De Roland ass mam Marion Chiarotto bestued a Papp vum Jenna.

Christine Doerner (58)

ass Deputéiert a Gemengerot. Als Notaire huet d’Christine all Dag mat de Liewensge-schichten vu ville Matbierger ze dinn. Seng Erfahrunge bréngt d’Christine an déi politesch Aarbecht an der Chamber an am Gemengerot an.

Alain Gillet (36)

ass Beamten um Enregistre-ment. Den Alain ass mam Maria Dantas bestued a Papp vum Cyril a vum Raphaël. Hien huet d’Elterevereenegung zu Beete-buerg nei belieft an ass Eltere-vertrieder an der Reebouschoul.

Anibal Da Cruz (38)

Den Anibal huet no enger Meeschterprüfung fir Waasser an Energie en eegene Betrib ge-grënnt. Den Anibal ass bestued mam Sandra Pedroso a Papp vum Dean, Kim a Sven. Hien engagéiert sech fir eng lieweg Gemeng am Handwierker- a Ge-schäftsverband an am Syndicat d’Initiative.

Monique Merk-Lauterbour (50)

ass Dokter fir Allgemengmedizin a féiert zesummen mat sengem Mann Jean-Paul Merk eng Praxis. D’Monique ass Mamm vum Nora a vum Philippe. D’Monique ass engagéiert an der Ëmweltkommissioun a Comitésmember vun de Beete-buerger Geschichtsfrënn.

Maddy Mulheims-Hinkel (62)

ass pensionéiert Regierungs-rotin a Léierin. D’Maddy ass bestued mam Fritz Mulheims a Mamm vum Raoul a Gilles. Zanter kuerzem och Bomi vum Ian. D’Maddy huet an eiser Gemeng de Service fir Chancë-gläichheet tëschent Mann a Fra opgebaut. Seng Kompetenz bréngt d’Maddy Mulheims haut an der Finanzkommissioun an am Office social an.

Jean-Jacques Schroeder (32)

ass Gemengerot a Member vun der Finanzkommissioun. Hien ass Beamten bei der Vétérinaires inspectioun. De Jean-Jacques ass bestued mam Caroline Delfeld a Papp vum Lena. De Jean-Jacques ass Zenter chef vun der Pro-tection Civile an Ënnerkom-mandant vun de Beetebuerger Pompjeeën.

Nadine Stefanutti-Larosch (35)

schafft am Finanzsecteur. D’Nadine ass bestued mam Patrick Stefanutti a Mamm vum Max. Niewent sengem Beruff féiert Nadine e klenge Buttek fir friulanesch Spezialitéiten an engagéiert sech an der Eltere-vereenegung.

Jeff Gross (36)

plangt als Ingénieur d’Stroumversuergung bei der CFL. De Jeff ass zesumme mam Anne Schmit. A senger Fräizäit spillt de Jeff Clarinette an der Beetebuerger Musek an enga-géiert sech an der Kulturkom-missioun vun der Gemeng a beim Radio LRB.

Christiane Hennico-Kaber (47)

ass bestued mam Roger Hennico. D’Christiane huet zéng Joer op enger Bank geschafft a sech duerno op d’Erzéiung vum Manon, Jeff a Corinne konzen-tréiert. D’Christiane séngt an der Chorale „Sängerfreed“ an engagéiert sech am Comité vum Turnveräin „Le Réveil“.

Luc Klonski (32)

huet Politik studéiert a schafft bei der Sécurité sociale. De Luc liewt am Partenariat mam Najlaa Mahboubi. Hien ass President vun der Lëtzebuerger Jugendkonferenz, dem Daach-verband vun de Jugendorgani-satiounen.

www.bettembourg.csv.lu