2
INVITÉ DU MOIS 18 8:30 Et war haut net u mir fir mat de Kanner opze- stoen. Ech hu mech ëmgedréint a sinn nach eng Kéier ageschlof. Dat Moiesritual vum Kaffi, wann alles sou roueg an der Wunneng ass, datt ech d’Musik, déi ech opleeë, souguer héiere kann, dat bleift dee wäertvollste Moment vu mengem Dag. Ech hu mer gëschter no der Aar- becht, wéi ech op de Bus getrëppelt sinn, eng nei Plack kaf, vum Francesco Tristano sengem hybrid Projet, ebësse sou wéi Aufgang, dee- mools, déi sech 2014 opgeléist hunn, am méi rouege vläicht, méi etheresch, trotz de Beats an de Maschinnen u sengem Piano. Wann een de Cover opklappt, gesäit een eng Foto vum Francesco, seng Krausele si méi dënn ginn, säi Gesiicht hänkt ebëssen erof. Mee seng Musek ass nach ëmmer genial. 9:30 Am Bus stinn d’Leit liicht gedréckt an et ass waarm. Ech ka mech un dee Clochard erën- neren, deen ëmmer hei am Quartier gewunnt huet, wéi ech ugefaangen hu mat Schaffen. Hie war immens déck, säi Bauch houng ënnert sengem Läpp eraus, an hien huet sou gestonk, datt d’Leit ëmmer all direkt erausgeklomme sinn, wéi se hien nëmme bei der Haltestell stoe gesinn hunn, sou ee bëssege Geroch war dat, wéi vun engem scho laang verfaulte Kierper. Ech froe mech, wat mat him geschitt ass. Et gesäit een iwwerhaapt keng Clocharde méi an der Stad. Fréier war dat, well d’Gemeng se wollt op d’Säit raumen, fir datt ons Stroosse méi géife blénken, haut wësse souguer meng Kan- ner, datt eng Gesellschaft méi dovun huet senge schwaache Memberen ze hëllefen. Ech ka mol net méi genee soe, wéini de ganzen Neolibera- lismus sech selwer mam Schwanz ze pake krut, mee deen Dag wou mer op eemol erausfonnt hunn, firwat Wuelstand wierklech gutt ass, an zwar fir méi (eng aner Zort) Wuelstand ze scha- fen, dunn ass endlech eppes passéiert. 9:33 Déi meescht Leit kucken op hiren Telefon, puer méi Jonker hunn hir multifunktionell Brëller un, mee richteg duerchgesat huet sech deen Trend net, virun allem, well et, wéi dee Brëll bis kom- merzialiséiert gouf, direkt zu enger Rei Acci- denter koum, beim iwwert d’Strooss goen oder beim Autofueren. Ech weess och net op ech et géing aushalen, ëmmer puer Couche viru mengen An ze gesinn, d’Realitéit, an driwwer déi digital Welt, sou wéi d’Transparentpabeier mat deem meng Kanner souvill gemoolt hunn, an der Ecole Précoce. Ech hu gelaacht, wéi dat Eelst enges Daags heemkoum, mat engem Blat wou – wéi heescht dat Bild, wou de Moler de Spectateur riicht ukuckt an am Spigel mierkt een datt de Spectateur déi kinneklech Koppel ass, Moment, ech liesen dat mol no... 9:36 Las Meninas, genee, vum Velázquez, spue- nesche Barock –, wat hunn ech also gelaacht, wéi dat Eelst enges Daags heemkoum, mat engem transparente Blat, op deem hatt Las Meninas ofgemoolt hat, fir mer dann z’erkläre, Kuck, Papp, wat mengs de wär den Diego (kloer, den Diego, wien da soss, duecht ech) hei am Gaang ze molen? An ech: Ma dat Bild, wat mir grad gesinn. An hatt: ma nee, Pappa, ebe grad net, du verstees näischt. Kuck méi genau. Wéi al war hatt dee Moment, nach keng sechs? Säit der kultureller Revolutioun, déi ech als Student materlieft hunn – ugefaangen huet alles mat blockéierten Unien zu Paräis, am Joer 2018, duerno koumen déi éischt Revendicatiounen, Kultur ass fir all Mënsch, huet et geheescht, d’Regierungen an d’Ministèren an Europa sinn op eemol matgezunn, d’Argument war einfach: amplaz de riets-extreme Parteien d’Feld kom- plett z’iwwerloossen, komm mir probéieren déi extreemst vun alle Mesuren: mir stiechen alles an d’Kultur an an d‘Educatioun an hoffen datt sech an de Käpp vun de Leit eppes ännert. Sou huet et ugefaangen, et war gewot, dat war déi kulturell Revolutioun. An zënterhier sinn déi Generatiounen no mir, an de Schoulen, an de Conservatoiren, an de Kulturhaiser, an den Theateren, deenen hir Dieren op eemol riseg grouss opstoungen, zu klenge Schlaumeie- ren erzu ginn, wat sech och réckwierkend doheem op d’Elteren iwwerdroen huet, déi op eemol gemierkt hunn, datt hir Kanner elo ELITÄR KULTUR FIR ALL MËNSCH EN DAG AM LIEWEN VUN ENGER HONDSGEWéINLECHER PERSOUN ëM D’JOER 2048. IAN DE TOFFOLI À quelques mois des échéances électorales et de la multiplication des débats entre les candidats, la THEA- TER FEDERATIOUN use de son mensuel Theaterzeitung comme tribune : les acteurs culturels et artistiques luxem- bourgeois du spectacle vivant y expriment idées, revendi- cations et réflexions pour le développement d’une scène nationale de qualité et de proximité. Si les dernières éditions ont vu les porte-paroles des artistes (mars), des petits théâtres et compagnies (avril) ainsi que des grands théâtres (mai)* présenter – à travers des interviews – des mesures concrètes, solidaires les unes aux autres, et bénéfiques à tout un secteur, le Collège des centres culturels appar- tenant à la fédération a opté pour un tout autre exercice… d’anticipation. Bienvenu en 2048, au sein d’une société grand-ducale vertueuse, dans le quotidien d’une personne ordinaire… Membres du Collège des centres culturels régionaux et spécifiques : Neimënster CAPE, Ettelbruck TROIS C-L Mierscher Kulturhaus Kulturhaus Niederanven Kulturfabrik, Esch/Alzette Rotondes Cube 521, Marnach Kinneksbond, Mamer *ces articles sont consultables sur le site www.theater.lu

ElItär Kultur fIr all mënsch - theater.lu TZ_06-0918.pdf18 InvIté du moIs 8:30 Et war haut net u mir fir mat de Kanner opze- stoen. Ech hu mech ëmgedréint a sinn nach eng Kéier

  • Upload
    others

  • View
    9

  • Download
    0

Embed Size (px)

Citation preview

Page 1: ElItär Kultur fIr all mënsch - theater.lu TZ_06-0918.pdf18 InvIté du moIs 8:30 Et war haut net u mir fir mat de Kanner opze- stoen. Ech hu mech ëmgedréint a sinn nach eng Kéier

InvIté du moIs18

8:30

Et war haut net u mir fir mat de Kanner opze- stoen. Ech hu mech ëmgedréint a sinn nach eng Kéier ageschlof. Dat Moiesritual vum Kaffi, wann alles sou roueg an der Wunneng ass, datt ech d’Musik, déi ech opleeë, souguer héiere kann, dat bleift dee wäertvollste Moment vu mengem Dag. Ech hu mer gëschter no der Aar-becht, wéi ech op de Bus getrëppelt sinn, eng nei Plack kaf, vum Francesco Tristano sengem hybrid Projet, ebësse sou wéi Aufgang, dee-mools, déi sech 2014 opgeléist hunn, am méi rouege vläicht, méi etheresch, trotz de Beats an de Maschinnen u sengem Piano. Wann een de Cover opklappt, gesäit een eng Foto vum Francesco, seng Krausele si méi dënn ginn, säi Gesiicht hänkt ebëssen erof. Mee seng Musek ass nach ëmmer genial.

9:30

Am Bus stinn d’Leit liicht gedréckt an et ass waarm. Ech ka mech un dee Clochard erën-neren, deen ëmmer hei am Quartier gewunnt huet, wéi ech ugefaangen hu mat Schaffen. Hie war immens déck, säi Bauch houng ënnert sengem Läpp eraus, an hien huet sou gestonk, datt d’Leit ëmmer all direkt erausgeklomme sinn, wéi se hien nëmme bei der Haltestell stoe gesinn hunn, sou ee bëssege Geroch war dat, wéi vun engem scho laang verfaulte Kierper. Ech froe mech, wat mat him geschitt ass. Et gesäit een iwwerhaapt keng Clocharde méi an der Stad. Fréier war dat, well d’Gemeng se wollt op d’Säit raumen, fir datt ons Stroosse méi géife blénken, haut wësse souguer meng Kan-ner, datt eng Gesellschaft méi dovun huet senge schwaache Memberen ze hëllefen. Ech ka mol net méi genee soe, wéini de ganzen Neolibera-lismus sech selwer mam Schwanz ze pake krut, mee deen Dag wou mer op eemol erausfonnt hunn, firwat Wuelstand wierklech gutt ass, an zwar fir méi (eng aner Zort) Wuelstand ze scha-fen, dunn ass endlech eppes passéiert.

9:33

Déi meescht Leit kucken op hiren Telefon, puer méi Jonker hunn hir multifunktionell Brëller un,

mee richteg duerchgesat huet sech deen Trend net, virun allem, well et, wéi dee Brëll bis kom-merzialiséiert gouf, direkt zu enger Rei Acci-denter koum, beim iwwert d’Strooss goen oder beim Autofueren. Ech weess och net op ech et géing aushalen, ëmmer puer Couche viru mengen An ze gesinn, d’Realitéit, an driwwer déi digital Welt, sou wéi d’Transparentpabeier mat deem meng Kanner souvill gemoolt hunn, an der Ecole Précoce. Ech hu gelaacht, wéi dat Eelst enges Daags heemkoum, mat engem Blat wou – wéi heescht dat Bild, wou de Moler de Spectateur riicht ukuckt an am Spigel mierkt een datt de Spectateur déi kinneklech Koppel ass, Moment, ech liesen dat mol no...

9:36

Las Meninas, genee, vum Velázquez, spue-nesche Barock –, wat hunn ech also gelaacht, wéi dat Eelst enges Daags heemkoum, mat engem transparente Blat, op deem hatt Las Meninas ofgemoolt hat, fir mer dann z’erkläre, Kuck, Papp, wat mengs de wär den Diego (kloer, den Diego, wien da soss, duecht ech) hei am Gaang ze molen? An ech: Ma dat Bild, wat mir grad gesinn. An hatt: ma nee, Pappa, ebe grad net, du verstees näischt. Kuck méi genau. Wéi al war hatt dee Moment, nach keng sechs? Säit der kultureller Revolutioun, déi ech als Student materlieft hunn – ugefaangen huet alles mat blockéierten Unien zu Paräis, am Joer 2018, duerno koumen déi éischt Revendicatiounen, Kultur ass fir all Mënsch, huet et geheescht, d’Regierungen an d’Ministèren an Europa sinn op eemol matgezunn, d’Argument war einfach: amplaz de riets-extreme Parteien d’Feld kom-plett z’iwwerloossen, komm mir probéieren déi extreemst vun alle Mesuren: mir stiechen alles an d’Kultur an an d‘Educatioun an hoffen datt sech an de Käpp vun de Leit eppes ännert. Sou huet et ugefaangen, et war gewot, dat war déi kulturell Revolutioun. An zënterhier sinn déi Generatiounen no mir, an de Schoulen, an de Conservatoiren, an de Kulturhaiser, an den Theateren, deenen hir Dieren op eemol riseg grouss opstoungen, zu klenge Schlaumeie-ren erzu ginn, wat sech och réckwierkend doheem op d’Elteren iwwerdroen huet, déi op eemol gemierkt hunn, datt hir Kanner elo

ElItär Kultur fIr all mënschEN DAG AM LiEWEN VUN ENGER HoNDSGEWéiNLECHER PERSoUN ëM D’JoER 2048. iAN DE ToFFoLi

À quelques mois des échéances électorales et de la multiplication des débats entre les candidats, la THEA-TER FEDERATioUN use de son mensuel Theaterzeitung comme tribune : les acteurs culturels et artistiques luxem-bourgeois du spectacle vivant y expriment idées, revendi-cations et réflexions pour le développement d’une scène nationale de qualité et de proximité.

Si les dernières éditions ont vu les porte-paroles des artistes (mars), des petits théâtres et compagnies (avril) ainsi que des grands théâtres (mai)* présenter – à travers des interviews – des mesures concrètes, solidaires les unes aux autres, et bénéfiques à tout un secteur, le Collège des centres culturels appar-tenant à la fédération a opté pour un tout autre exercice… d’anticipation.

Bienvenu en 2048, au sein d’une société grand-ducale vertueuse, dans le quotidien d’une personne ordinaire…

Membres du Collège des centres culturels régionaux et spécifiques :NeimënsterCAPE, EttelbruckTRoiS C-LMierscher KulturhausKulturhaus NiederanvenKulturfabrik, Esch/AlzetteRotondesCube 521, MarnachKinneksbond, Mamer

*ces articles sont consultables sur le site www.theater.lu

Page 2: ElItär Kultur fIr all mënsch - theater.lu TZ_06-0918.pdf18 InvIté du moIs 8:30 Et war haut net u mir fir mat de Kanner opze- stoen. Ech hu mech ëmgedréint a sinn nach eng Kéier

InvIté du moIs 19

schonn, duerch déi nei Erzéiung, méi Sënn fir gesellschaftlech Gläichberechtegung, nohalteg Entwécklung a politesch Bildung hätten, wéi si je haten. Et hat een hinnen – den Elteren, also och mir – bis elo ëmmer bäibruecht, datt Kultur net eescht ze huele wär, déi Lëtzebuerger scho guer net, well dat géif vun de richtege Proble-mer oflenken: wéi kann ech méi produktiv sinn, wéi kann ech méi leeschten, wéi kann ech meng Kafkraaft steigeren. Eis Kanner hunn eis misste bäibréngen ëmzedenken.

12:06

Ech gi mam Marc bei den Italiener iessen. Hien zielt mer iwwert Buch, wat e gelies huet. Hien zielt mer iwwert e Film, deen e gesinn huet. Ech kann net matschwätzen a wackele just mam Kapp, wärend ech meng Spaghetti oprullen. Ech denken ee Moment drun, datt fréier d’Sta-tussymboler méi simpel waren, de BMW Coupé, déi grouss Kichen, déi ëmmer geblénkt huet, wéi wann nach ni dra gekacht gi wär, oder eng Posch. Wat war falsch un der Posch? Do hätt ech zwar och net matschwätze kënnen, mee ech

hätt wéinstens kënne soen: Nä, fannen ech net schéin. Hei kann ech dat elo net. Ech huele mer vir méi ze liesen.

15:42

D’Buschstawe schwamme viru mengen An, et ass mer dronke wann ech de Koup Dossieren op mengem Büro gesinn. Wann ech ee fäer-deg hunn, kommen der zwee dobäi, schéngt et engem. Ech maachen eng Paus. Mäi Jéngs-ten huet mer viru kuerzem erzielt, ech wär sou wéi de Protagonist aus dem Kafka seng- em Schloss. Viru mir géif eng Aufgab leien, där hiert Enn net ze faasse wär. Ech duecht, hues du se nach all. Mee ech sot, ma nee, mäi Jong, dat ass sou: do wou ech schaffen, ginn et nach ëmmer Fäll, déi e Computer net bekäppt, do muss ebësse mënschleche Versteesdemech d’Saach léisen. Jo, huet hie geäntwert, dat ass wéi an deem Theaterstéck, wou... Ech hunn hien ënnerbrach: Et gëtt z’iessen! E Buch preparéiert net op d’Liewen, wollt ech him nach soen, mee ech wousst, datt hie mech kéint vum Géigendeel iwwerzeegen.

18:08

Lo waarden ech scho säit méi wéi fënnef Minutte virun der Dier vum Conservatoire drop, datt dee Jéngsten eraus kënnt. Hien huet zweemol an der Woch Gittarscoursen, duerno huelen ech hie meeschtens of a mir trëppelen ze Fouss heem. Hien taucht schlussendlech op, mat sengem Ins-trument um Réck. Ech huelen hie mat der Hand, datt mer méi schnell virukommen. D’Wieder am Land huet sech net geännert an de leschte Joren. Mir trëppele laanscht e portugisesche Bistro, wou ech schonn ëmmer higaange sinn, zu menge Studienzäiten, laanscht e japanesche Restaurant, laanscht eng Mauer, wou tëschent de Poustere vu Concerten a Stécker aus dem Théâtre national och nach al Walplakater eraus-luussen, vill sinn et der net, eng Partie vun de méi simplistesche Parteie vun deemools – déi hir Stëmmen ëmmer just kruten, well se de Leit Angscht gemaach hunn, mat Geschichten iwwert Auslänner, déi d’Land iwwerschwemme géifen, mat hire frieme Sproochen, hirem frie-men Iessen, hire frieme Gewunnechten –, ginn et natierlech net méi, et huet kee se méi gewielt, no der kultureller Revolutioun, et huet ken-gem Jonke méi ageliicht, wisou de Problem beim Auslännertum géing leien, well dat géif ee Mënsch jo net definéieren, oder bei de Sproo-chen, well déi kéint ee jo léieren. A sou – wärend déi sougenannten Auslänner wéi all anere Mat-bierger schaffen an hir Kanner wéi all aner Kan-ner an d’Schoul an an d’Kulturinstituter gaange sinn – hunn déi Parteie sech einfach am Näischt opgeléist, an dat war et.

18:29

Bis zum Owesiessen hunn d’Kanner Zäit fir sech a mir fir ons. Haut iesse mer méi fréi, ech ginn duerno mat deem Eelsten an den Theater E Poppenhaus kucken, vum Ibsen, an enger Lët-zebuergescher Iwwersetzung, hatt huet mer gesot, wien déi gemaach huet, ech hunn den Numm awer vergiess.

21:54

Nom Theater haassen ech näischt méi, wéi wann ee mech direkt freet: An, wéi hues de et fonnt? Mee kaum si mer un dobaussen, e kale Wand zitt engem laanscht d’Nues, freet meng Duechter: An, wéi hues de et fonnt? Ech äntwe-ren net direkt a soen amplaz: Dat war dach eppes fir dech, oder? Naja, seet hatt, muss ech mir wierklech nach Stécker ukucke goen, iwwert d’Selbstbestëmmung vun der Fra? Ass dat net ebëssen almoudesch? Déi nächste Kéier gi mer eppes méi Zäitgenëssesches kucken, vun engem Auteur vun hei, deen d’Problemer vun haut beschwätzt. Ech hunn him et versprach, hunn et u mech gedréckt, ënnert dem klore Stärenhimmel, a mir sinn heemgaangen.