64

de Reider 42

Embed Size (px)

DESCRIPTION

Informatiounsblad vun der Gemeng Ettelbréck

Citation preview

Page 1: de Reider 42
Page 2: de Reider 42

"de Reider" Nummer 42 Juli 2008

Page 3: de Reider 42

Rédaction: Nico Beckerich, Pierrot Feltgen, Claude Halsdorf, Marc Hirt, Arthur Muller,Jean-Louis Reuter, Alphonse Schmit, Marthy Thull

Ont collaboré à ce numéro:textes: Nico Beckerich, Pierrot Feltgen, Alphonse Schmitphotos: Photo-Club Ettelbréck, Pierrot Feltgen, Eddie Guillin, Serge Kugener documents: Arthur Muller, Télécran

Layout: Agence de publicité LEZARTS

Couverture: Sons & lumières 2007

Page 4: de Reider 42

An dëser Editioun

Virwuert 2

Akademisch Sëtzung vum 20. Oktober 4

Internationalen Badminton-Turnéier 11

Nostalgie-Dampzuch op der Atertlinn 12

Konferenzen: „Jéinisch“ a Pater Bellwald 13

„Plaque Commémorative“ Dokter Huberty 14

Internationalen Dëschtennistournéier vu «Special Olympics» 15

Daf vun zwou Lokomotiven 16

Volleks- an Eisebunnsfest den 8., 9., an 10. Juni 2007 17

Nationalfeierdag 2007 36

Gaard vum Centenaire / Arcade 38

Top-Perche an der Foussgängerzone 39Landwirtschaftlech Ausstellung a „Schwäizer Weekend“ 40

De Bëbee vum Centenaire 41

Ausstellungen: Photoclub, La Pugliaa 42an Education précoce

Rallye fir Kanner 46

Concert: The Centennials 47

Gala vun den Turner 48

Revue vun den „Ettelbrécker Theaterfrënn“ 49

Trial WM-Laf zu Waarken 50

125 Joer Ettelbrécker Pompjeeën 51

Ausstellung 100 Joer Ettelbrécker Handwierk 52

Graffiti-Atelier 53

Intervilles-Spiller 54

Buch vum Centenaire 56

Ofschlossfeier de 27. Juni 58

Shop 59

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier1

Page 5: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 2

Virwuert

Joer Stad Ettelbréck

Dës Spezialnummer vum Reider erlaabt eis e Réckbléck op en aussergewéinlecht Joer.

D’Jubiläumsjoer vun der Zouerkennung vum Stadrecht, dat Ettelbréck de 4. August 1907 kritt huet,war gekennzeechent vun villen Aktivitéiten vun eise Veräiner, dem „Syndicat d’Initiative“ an derGemeng. Begleet waren dës Beméiungen vun eise Betriber, Institutiounen a Geschäfter.

Eise grousse Merci geet un all déi, déi sech mat onendlech vill benevolem Asaz ëm eis Stad an emeist Zesummeliewe verdéngt gemaach hunn. Do zielt un éischter Plaz „Commission du Centenaire“, déi de ganze Programm ausgeschafft a koor-dinéiert huet. Hir Memberen verdéngen eise grousse Respekt, esouwuel fir di vill Aarbecht, wéi fir digudd Iddien an déi vill Initiativen.Mir sin och dem André Grosbusch, Historiker a Festiedner, zu engem grousse Merci verpflicht. Säiwertvolle Beitrag dierf an dësem Reider nët feelen.

Mir all hunn an dësem Joer matenee gefeiert a mir hun Freed dobäi gehat. Mir sinn ee Stéck zesum-megewuess a mir kennen houfreg sinn ob deen Dynamismus deen an eise Matbierger stècht.

Eise Merci geet awer och un all Sponsoren, Geschäftsleit, un de Geschäftsverband, un eisVerwaltungen an net zuläscht un eis Gemengenservicer, déi a villen Aarbechtsstonnen dofir gesuergthunn, dass „hire Patron Gemeng“ säi Gebuertsdag konnt feieren. Si hunn sech vill engagéiert fir ausdësem Joer en Erfolleg ze maachen.

Mir hunn zesummen vill schéi Momenter erlieft, un déi mir eis erënneren beim Duerchbliederen vundësem Band. Nét alles kann hei reproduzéiert ginn. Dës Auswiel erlaabt et eis awer fir dat guddGefill, e Stéck gemeinsam Heemechtsstad ze hunn, an eis all nach eemol opliewen ze loossen.

De Schäffen- a Gemengerot dréckt Iech all seng beschte Wënsch fir Zukunft aus.

De Schäfferot

Jean-Paul Schaaf, BuergermeeschterClaude Halsdorf, Schäffen

Marcel Burg, Schäffen

100

Page 6: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier3

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Freides, den 20. Oktober 2007: Akademesch SëtzungDi Akademesch Sëtzung zum Centenaire wor den20. Oktober am Centre des Arts pluriels Ed Juncker.No der Begréissung duerch de President vun derKommissioun vum Centenaire Pascal Nicolay huetde Professer André Grosbusch an enger bemier-kenswerter Festried explizéiert wéi Ettelbréck, de4. August 1908, dach nach de Stadtitel kritt huet,op deen et scho sou laang gewaart hat. Geschwathun duerno nach den Inneminister Jean-MarieHalsdorf an de Buergermeeschter Jean-PaulSchaaf. Fir e flotten musikalischen Encadrementhun d’Schüler vum Conservatoire du Nord ge-suergt, an de Syndicat d’Initiative huet demBuergermeeschter e schéine Collage mat Zeenenaus der Ettelbrécker Geschicht, vum SylvieCollignon, iwerreecht. Zum Ofschloss vun der Feierhuet de Schëffen- a Gemengerot all Gäscht an deFoyer vum Cape op eng Rezeptioun agelued.

Page 7: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 4

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Séance académique du20 octobre 2007

Festried vum Professer André Grosbusch

Virun honnert Joer, matzen an der „Belle Epoque“,huet den Himmel iwwer Europa sech zougezunn, ounidatt d’Mënsche geaant hätten, wat um Komme war.D’Bündnis system vun de Groussmuechten huet sech1907 mam Rapprochement vu Frankräich, Russland anEngland verdäitlecht, iwwerdeems Däitschland sechop een Zwee frontekrich virbereet huet. Am Summerkonnt een an den Zeitunge liesen, datt d’Ofrüstungs -konferenz, déi de 15. Juni zu Den Haag ugefaang hat,e Schlag an d’Waasser war.Souwäit fir di grouss Schlagzeilen!Ugangs August 1907 ass awer och, onbemierkt vunder Welt ëffentlechkeet, mam Scoutismus di gréisstJugend- a Friddensbewegung gebuer ginn, déi Gott seiDank bis haut d’Hoffnung op eng besser Welt waachhält.An derselwechter Woch huet an engem klengen neu-trale Land eng onscheinbar Uertschaft, déi sech daperam Laf vun de Jorhonnerten eropgeschafft hat, engUnerkennung kritt, déi se bis haut ouni Zweiwel ver-déngt. Ettelbréck ass de 4. August 1907 zesumme matdräi Südgemengen offiziell zur Stad erhuewe ginn.

Versetze mer äis e Moment honnert Joer zréck.D’Onsécherheet iwwer d’Onofhängegkeet vu Lëtze -buerg ass verflunn, virleefeg op d’mannst. D’Natiounsteet op feste Féiss. De Groussherzog Wëllem IV. asszwar schwéier krank, mä d’Successioun um Throungëtt am Abrëll 1907 zu Gonschte vu senger eelsterDuechter Maria-Adelheid gesetzlech gereegelt, an zuColmer-Bierg gëtt dat neit Schlass gebaut. Vum Stuermëm eis Monarchie ass nach kaum eppes ze spiren.An der Politik gëtt vill gestridden, méi wéi haut.Doduerch, awer och mam progressiven Ofschafe vumZensus wahlrecht, sinn eiser Demokratie lues awersécher Flilleke gewuess, och wann d’Standesdenken ande Respekt virun all Hierarchie ëmmer nach héichgehalginn.Wat awer wier di jonk Natioun ouni seng wirtschaft -lech Grondlag! De rasanten techneschen a wëssen-schaftleche Fortschrëtt huet och eist Land erreecht.Mam Feierwon an der Telegraphie hu mer definitiv denUschloss un d’Welt fonnt.Awer de Räichtum läit am Süden. Um nationale Planghuet d’Stonn vum Minette geschlon, wou d’Stol -industrie op Héich toure leeft. Vill jonk Leit bleiwen netméi an hiren Heemechtsdierfer, well de roude Buedemsi ugezunn huet. Esch huet seng Awunnerzuel anzwanzeg Joer verduebelt. Awer och di aner Süd -gemengen entwéckelen sech zu staark bewunntenUertschaften.

An Ettelbréck? Wederop der Haardt nachënner dem Hinnchenläit Eisenäerz; de Wäinwar ëmmer ze sauer, amam Kallek vum Lopertass d’Uert schaft ochnach net fett ginn.D’Geriicht an aner Ver -waltungen, den Touris -mus, d’Kultur an deKolléisch si beim Noperzu Dikrich. Villes hättalso derfir geschwat,

d’Ettelbrécker Weistumvun 1492

Page 8: de Reider 42

datt Ettelbréck fënnef Kilometer vun der zweeterHaaptstad vum Land een einfacht Duerf mat guddemBuedem – „Atilbriga“ – bliwwe wir.Nun, mir wëssen et all, duerch seng gënschteg geo-graphesch Lag, duerch präzis Evenementer, awer ochduerch de Fläiss vu sengen Awunner a schliisslechduerch de Wëllen an de politische Geschéck vu lokalePerséinlechkeeten ass Ettelbréck zu enger Baueren-,Handels-, Kommunikatiouns- an Déngschtleeschtungs -metropol ginn, vun där eng ganz Regioun, sougueriwwer d’Landesgrenzen eraus, Notze gezunn huet.Tëscht den Ardennen an dem Guttland geleeën, dowou dräi Flëss a véier Däller zesummelafen, warEttelbréck zu engem natierleche Carrefour predesti-néiert, deen d’Kelten an d’Réimer schon ze schätzewoussten. An eisem Wope fanne mer keen Tuerm, keeSchwert, keng Mauer a keng Mitra, mä Stréigaarwen,eng Bréck an de gefliggelte Staf vum Merkur, demBeschützer vun den Händler an de Reesenden. Deroude Léiw ass net dee vun engem lokalen Adligen, mäd’Symbol vum Land.Am Mëttelalter huet d’Bedeitung vun Ettelbréck fir denHandel sech verdäitlecht. D’Weistümer vu 1492 an ausdem 16. Jorhonnert begrënnen eng Rei Fräiheeten aRechter fir d’Ettelbrécker Leit. Am Joer 1609 huetd’Iechternacher Abtei, déi du schon iwwer 700 Joer

Grondhär vun Ettelbréck war, vun den ErzherzogenAlbert an Isabelle d’Recht op e gereegelte Joermaartvun dräi Deeg zougestan kritt. No der schrecklecherZäit vum spueneschen Erbfolgekrich ass eis Uertschaftam 18. Jorhonnert opgeblitt an huet mat sengem Kärvu bal 800 Awunner ëmmer méi säin Duerf gesiichtofgeluegt an ugefaang, lues a lues aus dem Schiet vunder Stad Dikrich erauszewuessen.Den 18. Juli 1778 awer huet et ausgesinn, wéi wannalles verluer wir.E schrecklecht Feier huet bal di ganz Uertschaft an eKoup Äsche geluegt. Doropshin hunn d’Bierger engUfro un d’Kaiserin Maria Theresia geriicht, fir d’Rechtze kréien, nieft dem traditionelle Joermaart zousätz -lech 11-mol am Joer e Maart ofzehalen an sech esourëm aus dem Misär eropzeschaffen. Gléck am Ongléck,den Dekret vum 16. Juni 1780, dee virun allemd’Fernhändler geschützt huet, huet Ettelbréck degrousse Worf erméiglecht. Sou gesi war 1980 denAnniversaire vun de Jormäert eigentlech méi wichtegwéi deen, dee mer dëst Joer feieren. D’Uertschaft assnei opgebaut ginn an hat kuerz virun der Revolutiounschons iwwer 1.000 Awunner, bal sou vill wéi Dikrich(1140). D’Fransousen hu während e puer JoerEttelbréck souguer als Kantonalhaaptstad bestëmmt.

De Brand vun 1814 huet eteng zweet Kéier erlaabt,d’Uertschaft beim Neiop -bau ze moderniséieren:D’Pompjeeë sinn op d’Beegesat ginn, an d’Diecher humisse mat Zillen oder Leeëgedeckt ginn. Net méi spéitwéi 1815 huet de MichelFixmer aus der Stad deVirdeel erkannt fir grad zuEttelbréck eng Tubaksfabrikopzebauen, déi Jorzingtelaang als Familljebetrib hirePäifen- a Schnauftubaksouguer iwwer d’Grenzevum Land eraus verkaafthuet.

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Ettelbréck am Joer 1586, no enger Zeechnung vum

Abt Johann Bertels

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier5

Page 9: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 6

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

No der Deelung vum Grand-Duché 1839 sinn zwarkeng Baueren aus der Wallonie méi op Ettelbréckkomm, dofir awer déi aus dem Réidener Kanton, déivirdrun hir Wueren éischter zu Arel verkaaft hunn.De Kadaster vun 1842 gëtt en detailléiert Bild vun derberufflecher a sozialer Struktur vun der Bevölkerung.Et gouf duebel souvill Handwierksbetriber (40) wéiBaueren (20), allerdings och vill Doléiner an arem Leit.Sou wéi haut konnt ee sech deemols zu Ettelbréck allesbesuergen, wat fir d’Liewen am Alldag néideg war. Datentsprëcht schon enger klassischer Definitioun vunenger Klengstad.An de véierzeger Joeren huet besonnesch de Staats -kanzler Baron Friedrich de Blochausen vum BirtrengerSchlass sech als een äifregen Affekot fir Ettelbréckerwisen, och wann hien d’Ettelbrécker Bevölkerung fir„turbulent a leidenschaftlech“ gehal huet. Mä graddofir wollt hien, datt d’Haapt gendarmeriebrigad vumKanton zu Ettelbréck, an net zu Dikrich stationéiertsollt ginn. Dat ass zwar net gelong, ma zwëschen 1843an 1846 gouf ëmmerhin d’Artillerie vun demBundeskontingent zu Ettelbréck ënnerbruecht, e wei-deren Detail, dee fir eng Stad geschicht net oninteres-sant ass.Bei de landeswäiten Onroue vun 1830 a besonnesch1848 hunn déi Ettelbrécker eng apaart Roll gespillt.Stolz si mer awer haaptsächlech, well di éischt modernConstitutioun vu Lëtzebuerg am Abrëll dat Joer hei zu

Ettelbréck an d’Wee geleet gouf. Bei dëser Geleeën -heet ass iwwregens fir d’éischt eng kuerz Diskussiountëscht de Politiker op Lëtze buergesch gefouert ginn.En aneren Héichpunkt vun nationaler Dimensioun warde 5. Juni 1864 d’Uropféierung vun der „Heemecht“duerch 550 Sänger op der Place Marie-Thérèse.Entscheedend fir de wirtschaftlechen Opschwong warawer d’Eisebunn, déi tëschent 1856 an 1880 ausge-baut gouf. D’Decisioun, d’Nordstreck a Richtung Ëlwena Léck duerch den Dall mat 18 Tunnelle lafen ze loos-sen, war vu kapitaler Bedeitung souwuel fir d’Ent -wécklung vum Éislek wéi fir Ettelbréck. Mat dräi Quaiewar eis Gare eng vun de gréissten am Land an huetHändler, Baueren a souguer Touristen aus allenHimmels richtungen ugezunn.Parallel dozou gouf zu Ettelbréck e regio nalePostzentrum ageriicht. Net nëmmen de Maart, deenzënter 1854 all Woch stattfonnt huet a wou besonn-esch Mëllech produkter, Fruucht, Päerd an anerBéischte gehandelt goufen, mä och déi lokalGeschäftswelt huet vun dëser Entwécklung profitéiert.D’Zuel vun den Handwierker, déi hir Wueren an ëmmerméi schéine Butteker verkaaft hunn, ass tëschent 1867an 1880 vun 80 op 120 geklomm. 1863, eelef Joer,nodeem d’Stroossen am Zentrum mat Pavé zougeluegtgi waren, huet Ettelbréck seng éischt Stroosse -beliichtung kritt.

Ettelbréck 1874 vum Louis Jacoby

Page 10: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier7

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Och d’Kierch huet sech den neie Verhältnisser anUsprëch ugepasst: 1850 ass di nei Porkierch fir deGottesdingscht fäerdeg ginn. Si gouf awer eréischt amJoer 1864 konsekréiert. An de 70er- an 80er-Joerenhunn d’Synagog mat hirer Schoul an den israelitischeKierfecht Ettelbréck och zu engem religiéisen Zentrumfir d’Judden aus der ganzer Géigend gemaach. Déibedeitendst israelitisch Famill waren d’GebridderGodchaux, déi an de 70er-Joere vum 19. Jorhonnertbei der Uelzecht eng Wollwäscherei a Spënnerei opge-riicht hunn, déi um Enn vum Jorhonnert iwwer 300Aarbechter beschäftegt huet. De Jules Godchaux souzselwer 5 Joer am Gemengerot.Am Gesondheetswiesen huet Ettel bréck sech zënter1867 no dem Bau vun enger Heilanstalt no an no zuengem nationalen Zentrum fir Geeschtes kranker ent -wéckelt. Schliisslech huet d’Schoulangebot sech iwwerd’Gemenge grenzen ewech een Numm gemaach.D’Pensionnat Sainte-Anne fir jonk Meedercher warzënter 1852 landbekannt. Mä virun allem ass 1880 amKader vun der Ettelbrécker Oberprimärschule deGrondstee vun der spéiderer Akerbauschoul geluegtginn.

Wéi de Gemengerot dat Joer, also 1880, den 100.Anniversaire vum Maartrecht virbereet huet, gouf etabsolut keen Zweiwel méi, datt Ettelbréck keen Duerf,mä eng Klengstad war, déi be stänneg no uewe ges-trieft huet.Souguer a Regierungskreeser war d’Wuert „Stad” firEttelbréck scho laang geleefeg.

Elo stellt sech di spannend Fro: Wat huet et mamStadtitel op sech, wéinst deem mir haut an dësem Salleng Séance académique ofhalen?Am 12. an 13. Joerhonnert, wou di meescht Stied anEuropa entstan sinn, ware mam Stadrecht eng ganzPartie Privilegie verbonnen, ënnert anerem eng gewëssSelbstverwaltung, d’Maartrecht, d’Stadbefestigung abestëmmt Fräiheete fir di eenzel Bierger. Am „ancienrégime” gouf et iwwerall komplizéiert Hierarchien, ochbei der Denominatioun a bei de Rechter vun Territorienoder verschidden Zorte vun Uertschaften.D’Franséisch Revolutioun huet domat opgeraumt. Etgouf zolidd rationaliséiert. Rechtlech gesi war elengd’Gemeng di klengst territorial Unitéit. Ob Duerf,Bourg oder Stad, all Gemeng hat grondsätzlech disel-

wecht Rechter a Pflichten, och wann am Départementdes Forêts de Begrëff „ville“ ni ganz verschwonn ass.Egal wéi, et huet net vill gedéngt, wéi 1811 denEttelbrécker Gemengerot festgehal huet: «sous tousles rapports Ettelbruck mérite le titre de ville ou dumoins celui de bourg.»

No 1815 huet de Kinnek-Groussherzog Wëllem I. amSënn vun der Restauratioun den „ordre des villes”erëm ageféiert, an zwar fir déi Stied, déi fréier an deProvinzialstänn den drëtte Stand vertrueden haten.Leider huet Ettelbréck awer net zu dësen historischeStied vu Lëtzebuerg gehéiert, obwuel et bal duebel souvill Awunner wéi d’Stad Veianen hat.Zur Zäit vum Wëllem II. ass an der Sëtzung vum 12.Januar 1840 de Gemengerot ënner dem Buerger -meeschter Guillaume Herckmanns awer dann and’Offensiv gaang, an huet ënner anerem gefuerdert:„…die Wünsche und Bitten der Einwohner vonEttelbrück, ihren Ort, der unstreitig das erste Handels -zentrum nach Luxemburg-Stadt ist, (…) zum Rangeiner Stadt zu erheben, und ihr die Rechte undPrivilegien der Städte zu verleihen.“ Dorop ass awernäischt erfollegt, well d’Regierung du schon eenëmfaassend Gemengegesetz ausgeschafft huet, dat de24. Februar 1843 a Kraaft getrueden ass. Am Prinzip kennt dëst Gesetz nëmme Gemengen.Trotzdem gëtt am Artikel 1 kuerz vermierkt, datt nieftLëtzebuerg och Dikrich, Iechternach, Gréiwemaacher,Réimech, Veianen a Woltz den Titel „Stad“ behalen.Den eenzegen Ënnerscheed louch dodran, dattd’Buergermeeschteren an d’Schäffe vun de Stied vumKinnek-Groussherzog ernannt goufen, während beideenen anere Gemengen de Conseil de Gouvernementd’Nominatioun virgeholl huet, en Detail, dee bis hautweiderbesteet.An anere Wierder: Wann dës Distinctioun net amGesetz gestan hätt, dann hätt d’Fro, wéini engUertschaft sech fir de Stadtitel qualifizéiert, sech netméi gestallt, a mir séizen elo net hei. Well awer denËnnerscheed zwësche Stad a Landgemeng weider bes-tan huet, hunn di Ettelbrécker sech net ginn.Virun der Industrialiséierung vun der Minettegéigendwar Ettelbréck iwwregens di eenzeg Uertschaft, déisech ëm de Stadtitel beméit huet. Am Dezember 1849huet d’Gemeng eng Petitioun presentéiert, fird’Bezierksgeriicht vun Dikrich op Ettelbréck ze ver-leeën. Si huet de Staat opgefuerdert, nei Industrien op

Page 11: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 8

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Ettelbréck ze bréngen a sech gläichzäiteg och fir diaarm Leit anzesetzen. Tatsächlech hat Ettelbréckduerch säi Proletariat a seng legendär Päerdsdéif keeganz gudde Ruff. Déi negativ Äntwert vun Dikrich anaus der Stad war onmëssverständlech.Well an der Verfaassung vun 1868 den Terme „ville“iwwerhaapt net méi virkënnt, hätt d’Thema vun engerStaderhiewung definitiv misse vum Dësch sinn. Mänach ëmmer huet déi Fro den Ettelbrécker keng Rougelooss. Vläicht huet den Arrêté grand-ducal vun 1855,deen en offizielle Kostüm fir d’Buergermeeschteren and’Schäffe vun de siwe Stied virschreift, di al Ambi -tioune waakreg gehal.Besonnesch deen duerch d’Eisebunn bedéngten Op -schwong, awer och den eiserne Wëlle vum Gustave deMarie, deen 1879 Buergermeeschter gouf, erklären,datt trotz de Refuse vun 1840 an 1849 de Gemengerotden 100. Anniversaire vum Maartrecht notze wollt, firde 6. Mee 1880 nach eng Kéier eng formell Demandeze stellen, mat engem fuschneie Stadwappen alsBäiluecht.Wat war den Zweck? Mä einfach, ech zitéieren: „pourrelever et faire ressortir l’importance du chef-lieu de lacommune”. Et goung also leschtlech, an enger Zäit, andär d’Symboler an d’Hierarchien, am ëffentleche wéiam private Liewen, eng vill méi grouss Bedeitung hatewéi haut, ëm näischt aneschters wéi ëm Prestige.De Bréif vum Gustave de Marie un de StaatsministerFélix de Blochausen vum 7. Mee 1880 huet keenZweifel dru gelooss, datt d’Äntwert positiv misst aus-falen.Mä di Saach war net sou einfach. De Staatsministerwar iwwerrascht a wousst net, wien an där Fro kom-petent wär. Hien huet also d’Saach weiderginn un denDirecteur général de l’Intérieur. Deen huet deProcureur général (10. Mee) ëm Rot gefrot. Dësen huetden 19. Mee geäntwert, datt de Stadtitel eng histores-ch Bedeitung hätt, an datt den „ordre des villes“ 1841provisoresch an 1868 definitiv ofgeschaaft gi wär. Heeweist awer gläichzäiteg drop hin, datt et trotzdemnach kleng Ennerscheeder géif, wéi eben dee vun derNominatioun vum Schäfferot a vum Gesetz iwwerd’Wiertschaften, déi an de Stied an an all Uertschaftiwwer 2.500 Awunner méi laang hunn däerfen opblei-we wéi an de Landgemengen. «L’appellation n’est pasexclusivement honorifique, elle s’applique à une cir-conscription sui generis, qui a un régime spécial, jus-qu’à un certain point, et à ce point de vue l’on com-

prend que l’érection d’une section en ville nécessitel’intermédiaire de la législature.» Hee kënnt also zurwackeleger Conclusioun, datt d’Chamber e Gesetzmisst maachen.Den 21. Mee schreift de Blochausen dem Gustave deMarie, datt d’Demande refuséiert ass, versprécht awer,sech fir d’Prosperitéit vun der Gemeng anzesetzen.De 27. Mee versicht de Gemengerot ënner der Fiedervum Notär a Schäffen Emile Ernest Salentiny an engemlaange Bréif, der Regierung hire Standpunkt ze wid-derleeën, ma et ass näischt ze maachen. Den 18. Juni,grad wéi d’Expo sitioun iwwer 100 Joer Maart zuEttelbréck am Gaang war, huet dem Staatsrot säinnegativen Avis virleefeg e Schlussstréch ënner di ganzDiskussioun gezunn. An engem Bréif vum 24. Juli 1880schléit de Staatsminister dem Buergermeeschter justnach vir, eventuell de Wopen awer nach unzefroen,well dat eleng de Grand-Duc géif entscheeden. Datschéngt awer net geschitt ze sinn.Wahrscheinlech wir ni méi eppes nokomm, wann netEsch/ Uelzecht d’Fro vun der Staderhiewung fënnefJoer méi spéit nei opgerullt hätt. Zwar hunn di Escherd’Haltung vum Staatsrot kannt, mä si haten niewentder Industrialiséierung an der rapid steigenderBevölkerungszuel een Argument, wat Ettelbréck nethat. Esch hat nämlech d’Stadfräiheeten nom Droit deBeaumont zënter 1311 an huet mat senge Stad -maueren d’Land, wéi si soten, 500 Joer verdeedegt, ierd’Fransousen am 17. Joerhonnert d’Maueren ofgedrohunn, wat eng gewëss Dekadenz an de Verloscht vumStadtitel zur Folleg hat.1886 huet de Staatsrot dat Argument nach net gëllegelooss, mä 1904 ass den Escher Gemengerot rëm engKéier an d’Offensiv gaang, besonnesch welld’Awunner zuel an der Zwëschenzäit vu 7.500 op ronn12.000 geklomme war. Di Escher goufen an derChamber ënnerstëtzt vum sozialistischen DeputéierteCaspar Mathias Spoo, deen den 8. Dezember 1905 anenger Proposition de loi de Stadtitel fir Esch verlaangthuet, ënner anerem mat der Begrënnung, Esch wir amGemengegesetz vun 1843 einfach vergiess ginn. Dathuet zwar net gestëmmt, an awer huet de Staatsrotdunn a sengem Avis vum 19. Januar 1906 dem SpooRecht gi mam Saz: «Les occupations auxquelles se livrela population sont-elles principalement agricoles, lacommune est rurale, sont-elles commerciales ou indus-trielles, c’est une ville», an huet gläichzäiteg d’Froopgeworf, ob net och Ettelbréck, Diddeleng an

Page 12: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier9

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Déifferdeng ënnert diselwecht Conditioune géife falen.Di éischt Gemeng, déi awer dorop reagéiert huet an hirDemande gestallt huet, war Rëmeleng, an zwar den 8.Februar. Du koumen Ettelbréck de 17. Februar,Déifferdeng de 14. Mäerz an Diddeleng de 17. Mäerzmat hiren Ufroen.Einstweilen huet awer nëmmen Esch den 19. Mee1906 de Stadtitel kritt.

An der Zwëschenzäit ass vill iwwer d’Critèrë vun engerStad gerätselt, diskutéiert a mam Ausland verglachginn, besonnesch am Innenministère. Méiglecherweisass gefaart ginn, datt nach aner Uertschafte géifennozéien an een net méi wéisst, wou ee sollt ophalen.An dësem Zesummenhang huet de Stater Distrikts -kommissar Pierre Braun d’Proble matik op de Punktbruecht. Hee schreift de 27. Abrëll 1906 un denDirecteur général de l’Intérieur Kirpach: «Il est difficilede déterminer, en dehors de l’élément historique, lesconditions que doit remplir une agglomération pourobtenir le titre de ville. Quel que soit le critère du clas-sement, un certain arbitraire ne pourra être évité.L’amour-propre des cinq localités est engagé (…) Lesavantages attachés au titre de ville sont pour ainsi dire

insignifiants… Il aurait été préférable de n’attribuer letitre de ville qu’aux chefs-lieu de canton d’une certai-ne importance, ne fût-ce qu’à titre distinctif.» SengConclusioun kléngt resignéiert: «La question n’est pasassez importante pour opposer une résistance formel-le à la demande des cinq communes.»

Vläicht well gefaart gouf, datt d’Affär fir Ettelbrécknach net gewonn war, huet den EttelbréckerGemengerot, deem de Gustave de Marie zënter Mäerz1905 eng zweet Kéier als Buergermeeschter virstoung,ganz zolidd Ustrengunge gemaach, fir déi Kéier deStadcritèren honnertprozenteg ze entspriechen. EisUertschaft war zwar di klengst vun de Kandidaten, mäd’Bevölkerung war zënter 1880 ëmmerhin vun 3.472op 4.100 geklomm. Nei Stroossen an iwwer 150 neiHaiser hunn d’Stadbild verännert. Am Abrëll 1905 gëttde Bau vun engem neie Stadhaus an enger neier Posteestëmmeg beschloss. Architekt war kee Geréngerewéi de Sosthène Weis. Gläichzäiteg ginn eng neiWaasserleitung geplangt an d’Kanalisatioun fäerdeggeluegt. Och wann een Deel vum Gemengerot amUfank wéinst den héije Käschten dergéint war, huetd’Majoritéit fir de Bau vun engem grousse Schluecht -

„um Kanal“ am Joer 1910

Page 13: de Reider 42

haus zu Ettelbréck votéiert. Derniewent gëtt en neitElektrizitéitswierk an Aussiicht ge stallt, woubäi an derDagoismillen un der Wark zënter 1893 schonn ee vunden éischten Elektrizitéits wierker am Land funktio-néiert huet. De Verschéine rungsveräin vun Ettel bréckgëtt sech vill Méi fir den Ausbau vum Tourismus. Fird’musikalesch Animatioun suergt d’PhilharmoneschGesellschaft ënner dem landbekannte Komponist anDirigent Philipp Manternach, deen och grouss Ver -déngschter ëm d’Ettelbrécker Musekschoul huet.Mat der Akerbauschoul, déi schon 140 Schüler ausdem ganze Land ënnerriicht, huet de Gemengerot engzousätzlech Tromp an der Hand.

Enn 1906 gëtt Bierden vun der Gemeng Ettelbréckofgetrennt a kënnt zu Ierpeldeng, dat schon 1850zesumme mat Schieren lassgeléist gi war.1907 ass et dann esou wäit. Den 31. Mee leet deConseil d’Etat d’Critèrë vun enger Stad kloer fest: „unepopulation assez importante, le siège de l’industrie oudu commerce, l’entretien et l’éclairage des rues, des

constructions régulières et agréables, l’existen-ce de services publics, la facilité de la circula-tion”. Dat kléngt wéi op Ettelbréck zougesch-nidden.De 4. Juni erlaabt de Wëllem IV. demInnenminister e Gesetzesprojet anzereechen.No engem laange Plai doyer vum DeputéiertenNeumann stëmmt d’Chamber eestëmmeg de24. Juli d’Staderhiewung vun de 4 genanntenUertschaften. Den 31. Juli gëtt de Conseil d’Etatd’Dispens vun engem zweete Vote, sou datt deGrand-Duc d’Gesetz de 4. August kann ënner-schreiwen. Och de Wope vun 1880 ass vumGrand-Duc accordéiert ginn.

D’Staderhiewunge vun 1906 an 1907 si bishaut eemoleg an der Geschicht vum Grand-Duché. Et ass kloer, datt ouni d’Initiative vunEttelbréck an duerno vun Esch den historischenan de juristischen Debat iwwer d’Identitéit vunden Uertschaften nit geféiert gi wier. Firwat wardës Fro spéiderhi keen Thema méi hei zuLëtzebuerg? Mä well materiell quasi näischt umSpill stoung. Et gëtt duerchaus nach eng PartieUertschaften, déi d’Critèrë géifen erfëllen andéi d’Leit am normale Sproochgebrauch gärmat „Stad“ oder „Stiedchen“ betitelen. Denktbeispillsweis u Schëffleng, Péiteng, Betebuerg

oder och Miersch, d’Fiels a Klierf.Wa mer dëst Joer feieren, da virun allem ausDankbarkeet fir dat, wat virun 1907 an an de vergaan-genen honnert Joer hei zu Ettelbréck geleescht ginnass. Erlaabt mer, grad an dësem Zesummenhangd’Bedeitung vun den Ettelbrécker hirer Resistenz am 2.Weltkrich bei dëser Geleeënheet speziell ze ernimmen.De Stadtitel war a bleift eng symbolesch Unerkennunga gläichzäiteg eng Verpflichtung fir d’Zukunft.Haut steet fest, datt d’Stad Ettelbréck dës Zukunftzesumme mat der Stad Dikrich an deenen anereGemenge vun der Nordstad wäert gestalten. Dat assëmsou méi plausibel, wéi sech di eenzel Uertschaftenergänzen an och an Zukunft hir Eegenaart net brau-chen opzeginn.Et bleift just ze hoffen, datt déi Liewens qualitéit, déimer bis elo an eisen Uert schaften haten, och fir dinächst honnert Joer geséchert bleift.

André GROSBUSCH

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 10

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Plaquette aus dem Joer 1907

Page 14: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier11

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Samstag, den 6. und Sonntag, den 7. Januar2007:Internationales Badminton-Turnier Das traditionelle internationale Turnier desFiederwäiss Ettelbréck war der offizielleStartschuss zu den Centenaire-Feier lich keiten.

Am ersten JanuarWochen ende gab esneben interessantenFeder ball spielen zum Ab -schluss der Veran -staltung den Geburts -tags kuchen ge schmücktmit dem Logo der

Page 15: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 12

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Sonntag, den 28. Januar 2007:Nostalgie-Dampfzugfahrt aufder Attertlinie Am 28. Januar stattete die luxem-burgische Dampflok 5519 der StadtEttelbrück einen Besuch ab und gra-tulierte vorzeitig, da sie im Juniwegen Instandhaltungsarbeiten imAusland nicht am großen Eisen -bahnfest teilnehmen konnte. Fast1000 Freunde der Dampftraktionnahmen begeistert an den Pendel -fahrten zwischen Ettelbrück undBissen teil.

Page 16: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier13

Phot

os: T

om W

agne

r / P

ierr

ot F

eltg

en /

Nic

olay

Pas

cal /

Télé

cran

Konferenz «Jéinesch»In einem vollen Festsaal referierte die Germa nistinVéronique Back zum Thema «Jéinesch».Interessant war zu erfahren wie die „Laker -sprooch“, welche Anfang des 20. Jahrhunderts inWeimerskirch und Umgebung verbreitet war, auchihren Weg nach Ettelbrück gefunden hatte. Sowurde kräftig auf dem „Äschenhiwwel,Bolgensteen, Kärgass, neie Wee“ gemosselt. Nochheute leben dort Familien, von denen zumindestdie älteren Generationen im Gespräch unterein-ander viele „Jéinesch“-Ausdrücke benutzen.

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Konferenz «Von Ettelbrück nach Samoa» über Pater Edouard Bellwald

Page 17: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 14

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Samstag, den 5. Mai2007:Einweihung einer„Plaque commémo-rative“ für Dr. NicolasHuberty, für dessen unermüdlichenEinsatz im Dienste derEttelbrücker Bevölkerungwährend der Besatzungs-zeit.

Phot

o: R

aym

ond

Schm

it

Freitag, den 18. Mai 2007:Offizielle Vorstellung einer Sonderausgabe vonBriefmarken mit den 4 Jubiläumsstädten Ettelbrück, Differ -dingen, Düdelingen und Rümlingen.

Page 18: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier15

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Samstag, den 19. und Sonntag, den 20. Mai 2007: Internat. Tischtennisturnier Special OlympicsAuch der Geistigbehindertensportverband nahm mit einer Sportveranstaltung an den Feierlichkeiten des Centenaireteil. Unter der Mithilfe des lokalen DT Etzella organisierte Special Olympics seinen „Tournoi du Centenaire“ imTischtennis. Neben gutem Sport fand auch ein Atelier „healthy athlete“ statt. Spitzenspielerin Ni Xia Lian stattetebei dieser Gelegenheit den Teilnehmern aus Irland, Frankreich, Deutschland, Holland und Luxemburg einenFreundschaftsbesuch ab.

Page 19: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 16

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Daf vun den 2 LokomotivenGleich 2 Loks wurden am 24. Mai 2007 vonTransportminister Lucien Lux auf den Namen„Ettelbrück“ getauft: der historische West -waggon SSMN208 ex CFL Z 208 A/B aus denfünfziger Jahren und die moderne E-Lok 4011.

Page 20: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier17

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Höhepunkt der Feierlichkeiten war das Volks- und Eisenbahnfest am 8., 9. und 10. Juni.

Page 21: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 18

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 22: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier19

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Eröffnungsfeier auf dem „Äschenhiwwel“Freitag, den 8. Juni ab 19.07 Uhr bis spät in die Nacht Programm:-Zum Auftakt“ das „Ettelbrécker Lidd“ durch die„Bänkelsänger“. -Danach Begrüßung durch Herrn Pascal Nicolay,Präsident der „Commission du Centenaire“

-Offizielle Eröffnung des „Weekend du Centenaire“durch Bürgermeister Jean-Paul Schaaf-Blumenniederlegung am Gedenkstein zur Erinnerungan die Brandkatastrophe des Jahres 1778-Lieder und Sketsche aufgeführt durch die Mitgliederdes Theatervereins „Löschtesch Nordbühn“ und der„Bänkelsänger“.

Page 23: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 20

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Volksfest vom 9. Juni 2007

Samstag, den 9. Juni 13.30-17.30: Vom „Gemeindeboten„ geleiteteFührung der Besucher vom Bahnhof durch dieFußgängerzone bis zur „Place Marie-Thérèse“,vorbei an den 15 Spielzenen, die das Leben infrüheren Zeiten darstellten:

-Pferdekutsche mit Gästen für ein Hotel-Mit dem Fahrrad unterwegs 1907(Union Cycliste du Nord)

-Butterherstellung früher (Chorale Sainte-Cécile)-Fischfang in der Wark (La Puglia)-Schulklasse im „Töchterpensionat“(Ecole Privée Saint-Anne)

-Scherenschleifer bei der Arbeit (Privat)-Hochzeit in alter Zeit (Theaterveräin „Rido Op“)-Strohwagen (FC Etzella)-Pfadfinder im Zeltlager (Ettelbrécker Scouten)-Kirmes im Dorf (Ettelbrécker Theaterfrënn)-Brotbacken (Robbesscheier)-Eisenschmiede bei der Arbeit (Atelier Besenius)-Raufbolde und Polizei (Judo-Club)-Waschfrauen am Waschbrunnen (Badminton)-Turner 1907 (Turnverein La Patrie)

14.00-19.00 Ausstellung der Schulkinder zurGeschichte des Schulhofes in der Primärschule19.00 Konzert der „Ettelbrécker Strëpp“ 18.00-23.00 Kunstmarkt rue Abbé Muller20.00 Open-Air- Konzert durch dieGruppe „The Moon Invaders“22.30 „Sons et Lumières“ Sound, Light& Lasershow mit anschließendem Feuerwerk

Page 24: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier21

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 25: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 22

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 26: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier23

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 27: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 24

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 28: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier25

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 29: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 26

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 30: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier27

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 31: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 28

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 32: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier29

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 33: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 30

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 34: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier31

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Eisenbahnfest: „Dampwolleken iwwerEttelbréck” AAm 9. und 10. Juni 2007 fand im Rahmen des

„Weekend du Centenaire“ das Eisenbahnfest„Damp wolléken iwwer Ettelbréck“ statt. Über 2Tage schnupperten tausende von Eisenbahn -freunden den speziellen Geruch von nicht weni-ger als 5 historischen Loks unter Dampf,begeisterten sich für die ausgestellten West -waggons, NOHABs, 1600’er und 1800’er usw. Sieerfreuten sich an den ausgestellten Modell -anlagen in allen Spuren und der Eisenbahnbörsein der „Ecole Privée Sainte-Anne“. Sogar 2Sonderzüge aus Deutschland brachten Schau -lustige in die hundertjährige Stadt.

Page 35: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 32

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 36: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier33

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 37: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 34

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 38: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier35

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 39: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 36

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 40: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier37

Samschteg, den 22. Juni 2007: NationalfeierdagEn aneren Héichpunkt vun eisem Centenairewar de Besuch vum Groussherzog Henri an derGroussherzogin Maria-Teresa um Virowend vuneisem Nationalfeierdag. Den héige Besuch goufvum Député-maire Jean-Paul Schaaf begréisstan huet Blummen virum „Monument auxMorts“ néiergeluegt. Duerno ass di groussher-zoglech Koppel duerch Groussgaass getrëppeltan huet mat vill Interesse verschiddene Veräinerhir flott Opféierungen verfollegt. Am Schoulhaffhuet de Groussherzog d’Gedenkplack un diéischt Opféierung vun der Heemecht 1864 opdëser Plaz ageweiht. Zum Schluss hunn deGrouss herzog an d’Groussherzogin am Préauvun der Primärschoul dee riisege Gebuertsdags -kuch vum Centenaire opgeschnidden.

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 41: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 38

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Juillet 2007:Jardin du Centenaire / ArcadeTous les ans au printemps, le Projet Arcade invi-te dans son jardin au lieu dit Widdewee desclasses de l’école primaire à une action de plan-tation. Pour l’année du Centenaire, la formule achangé un peu. Il n’était point question de plan-ter des légumes ou des salades, mais la placeétait libre à la créativité des élèves. Le thème duCentenaire de la Ville d’Ettelbruck était traitépar quatre classes des sixièmes années. Un pre-mier prix a été décerné, par le jury composé demembres de la commission du centenaire, à laclasse de Marie-Pierre Lange.

Page 42: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier39

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Samstag, den 21. Juli 2007:Top Perche in der Fuß gänger zoneGleich drei Jubiläen feierte derLeicht athletikverein CAPA: 10Jahre Top-Perche, 25 JahreCAPA sowie 100 Jahre Stadt -rechte Ettelbrück. Zu diesemAnlass fand denn auch derStabhochsprung wett bewerbwieder in der Fußgängerzonestatt. Ein interessantes Sport -ereignis das viele Zuschauerbegeisterte.

Page 43: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 40

Foire Agricole und„Schwäizer Weekend“Vom 29.06.-01.07.2007

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 44: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier41

Centenaire de la Ville d’EttelbruckCentenaire de la Ville d’Ettelbruck

4. August 2007: Das „Bébé du Centenaire”Pol Flick-Deisges aus Pratz ist das «Bébé du Centenaire». Es ist das einzige in Ettelbrück im „Hôpital Saint-Louis“am 4. August 2007 geborene Baby. Eine Delegation der „Commission du Centenaire“ überbrachte den strahlendenEltern mit den Glückwünschen des Schöffen- und Gemeinderates einen Blumenstrauß und ein kleines Geschenk.

Page 45: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 42

Dienstag, den 25. September 2007Eröffnung von zwei Ausstellungen im Centre des Arts pluriels„Die italienische Einwanderung“ durch die Vereinigung La Pugliaund „Ettelbréck gëschter an haut“ durch den Photoclub Ettelbruck

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 46: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier43

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 47: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 44

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 48: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier45

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 49: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 46

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Graffiti réaliséiert am Kader vun „Nordstad Musik-, Konscht an Danzatelieren“ vum 3. bis 7. September 2007

Dienstag, den 25. September Ausstellung Précoce

Page 50: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier47

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Samschdeg, den 13. Oktober 2007:Rallye fir Kanner: „100 Joer StadEttelbréck-100 Joer Scouten“,organiséiert vum „Groupe Saint-Sébastien“ vun Ettelbréck.

Page 51: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 48

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Sonntag, den 14. Januar 2008:The 4 CentennialsAm 14. Januar gaben die Musik -gesellschaften der vier Ortschaften,denen Großherzog Wilhelm am 4.August 1907 den Stadttitel zuerkannthatte, d. h. Ettelbrück, Düdelingen,Differdingen und Rümelingen, in derSporthalle im Deich ein gemeinsamesKonzert vor ungefähr 700 begeister-ten Zuhörern. Dasselbe Konzertwurde auch in den anderen dreiStädten gegeben.

Page 52: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier49

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Gala Turner

Das jährlich statt-findende Gala derTurner stand auchim Zeichen derJahrhundertfeier.

Page 53: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 50

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Revue«EttelbréckerTheaterfrënn»

Page 54: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier51

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Trial WM-Lauf in Warken Am 29. und 30. März fand in Warken, unter der Organisation desTCW, nach 2003, wieder ein Weltmeisterschaftslauf statt. Erst -malig wurde auch ein Frauenwettbewerb ausgetragen. Gleich vierverschiedene Routen (World Pro, Junior, Youth, Frauen) wurdenangeboten. Bei einem enormen Zuschauerzuspruch konnte derWettbewerb ganz knapp vom Spanier Toni Bou vor seinemLandsmann Adam Raga und dem Japaner Takahisha Fujinamigewonnen werden.

Page 55: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 52

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

125 Joer Ettelbrécker Pompjeeën de 6., 7. an 8. Juni mat enger Séance Académique, enger Austellung,Demonstatiounen an engem grousse Cortège

Page 56: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier53

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Exposition: „100 Joer Handwierk zu Ettelbréck“L’exposition «Entreprises artisanales à Ettelbruck», fut organiséepar le Cercle Philatélique Ettelbruck, en collaboration avec laCommission du Centenaire de la Ville d’Ettelbruck. Une trentainede cadres présentaient des documents administratifs, vieilles fac-tures, papier à lettres, logos et publicités des entreprises artisana-les d’Ettelbruck des deux derniers siècles, soigneusement sélec-tionnés par Marcel Schwalen. Ainsi fut retracée la vie économique,commerciale et artisanale d’une localité, devenue ville en 1907.

Page 57: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 54

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

IntervillesRecht stimmungsvoll ging es Anfang Juni im und rundum dasOberkorner Schwimmbecken zu. Differdingen hatte die dreianderen Centenariums-Städte zu einem sportlichen Wettstreiteingeladen. Eisbergklettern im Pinguin-Kostüm, Crazy-Wheel,Tauziehen. Wasser-Rodeo oder aber ritterliches Eselreitenhießen einige der acht angebotenen Wettweberbe. DiesesIntervilles du Centenaire war so eine Art „Spiel ohneGrenzen“, wo neben sportlichem Können, Teamgeist und einegute Portion Humor gefragt waren. Spaß war somit bei denTeilnehmern und den Zuschauern Trumpf. Nach einerGlanzleistung seines „Spiderman“ ging Ettelbrück als Siegerhervor. Der Preis, ein 800 Kilo schwerer Greyträger wird inZukunft seinen Ehrenplatz vor der Sporthalle im Deich finden.

Page 58: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier55

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 59: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 56

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Freitag, den 20. Juni 2008: An diesem Tag wurde das „Livre du Centenaire“ im Stadthaus auf einerPressekonferenz der Öffentlichkeit vorgestellt. Das 304 Seiten dicke Werk umfasst 21 Texte mit 396 Fotos oderBilddokumenten, wurde 1300 Mal gedruckt und kann zum Preis von 40 Euros erworben werden: Im Büro der„Recette Communale“ im Stadthaus, im „Syndicat d’Initiative et de Tourisme“ in der rue de Bastogne sowie in derBuchhandlung Libo, in der rue Prince Henri. Bestellen kann man es durch Überweisen von 43 Euros auf das Kontoder „Recette Communale“ IBAN LU29 1111 0010 4171 0000 mit dem Vermerk: Livre du Centenaire.

Page 60: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier57

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

ETTELBRUCK100 Joer Stad 1907-2007

A partir des années cinquante, les diverses activités repren-

nent sous l’impulsion des sociétés motivées par un élan

d’après-guerre retrouvé.

Dans ce contexte il faut bien

mentionner les activités théâ-

trales qui, libérées de la cen-

sure, reprenaient de plus

belle, et dont la continuité est

aujourd’hui assurée par les

«Scouten a Guiden», les

«Ettelbrécker Theaterfrënn»,

la «Lëschteg Nordbühn» et la

société «Rido op». Par leurs

représentations, ces troupes

dynamiques ne cessent de

fasciner les spectateurs!

A part les activités des sociétés, comme le «Photo-Club»

dans l’initiation à l’art photographique, des artistes indivi-

duels ont enrichi, par leur créativité, notre patrimoine.

ETTELBRUCK 100 Joer Stad 1907-2007

126

Lyra Ettelbruck >

excursion 1917

< 1902

Der Verein spielte zu Beginn „im Lärchen“. Bereits 1939

fand ein Ländertreffen gegen Belgien in Ettelbrück statt.

Nachdem während fast 5 Jahren kein Basketballspiel in

Ettelbrück ausgetragen wurde, entstand nach dem Krieg

auf dem Schulplatz eine geteerte Anlage. Dies war jetzt

möglich geworden, weil im letzten Kriegsjahr die „Nazis“

zur Abhaltung ihres letzten Kreistages kurzerhand den alt-

ehrwürdigen Kiosk abgerissen hatten. Für den Basket-

ballklub begann eine neue Ära. 1946 schloss Etzella

Ettelbrück in der 2. Division die Meisterschaft als Zweit-

platzierte hinter Mersch ab. Bereits 1947 wurde das neue

Spielfeld international genutzt mit der Partie zwischen den

Auswahlmannschaften aus Luxem-

burg und der Moselle. 1949 spielte

Etzella in der 1. Division. Der erste

große Erfolg wurde im Jahre 1954

mit dem Gewinn der „Coupe de la

Souveraine“ gelandet. Es folgten

nun goldene Jahre, in denen der

Ettelbrücker Basketballverein zu

den Spitzenvereinen gehörte. Den

Auftakt zu dieser erfolgreichen

Zeit bildete der doppelte Gewinn

von Meisterschaft und Pokal in den

Jahren 1955 und 1956.

Der 15. Januar 1935 war dann die

Geburtsstunde des „Tennis-Club

Helios Ettelbrück“, welcher seine

ersten Aktivitäten auf den Anlagen der

„Kracksmillen“ austrug. Joseph Flies er-

wähnte jedoch, dass bereits im Jahre 1909 ein

„Lawn Tennis Club“ gegründet worden sei.

Diese Vereine darf man sicherlich als die

Vorläufer einer erfolgreichen Sportgeschichte

in der Stadt Ettelbrück bezeichnen. Wegen der

Wirren des 2. Weltkrieges, als der Sportbetrieb

fast total zum Ruhen gekommen war, wurden

viele talentierte Sportler einer verheißungsvol-

len Karriere beraubt.

Sport in der Nachkriegszeit

1946 nahm die „UCN“ ihre Tätigkeiten wieder auf und

bemühte sich besonders ein Radrennen zu Ehren von

General Patton zu organisieren. Neben der Ankunft des

„Tour de Luxembourg“ 1947, verbunden mit dem „Grand

Prix Mischi Dax“, leistete der Verein vorbildliche Arbeit bei

Rennen wie der „Ronde de Luxembourg“, dem „Tour des

12 Cantons“ sowie der „Flèche du Sud“. Nach dem

Scheitern der Errichtung eines Patton-Monumentes wurde

ETTELBRUCK 100 Joer Stad 1907-2007

138

< die 1. Mannschaft des

„FC Etzella“ 1929–30

der „Billard-Club“ >

im Jahre 1936

d

ETTELBRUCK100 Joer Stad 1907-2007

BUCHvum Centenaire

Page 61: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 58

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Freitag, den 27. Juni 2008:AbschlussfeierlichkeitenDen Abschluss der Feierlichkeiten bildete einvom „Syndicat d’Initiative et de Tourisme“zusammen mit der „Commission du Cente- naire“ organisierte Feier unter dem Titel:“Century Music Highlights” mit folgendemProgramm:-Ettelbrécker Strëpp: Concert à l’Ancienne, ledébut du siècle -Steven Pitman: “Memories... a Tribute to theKing” (Elvis Presley)-Big Band de la Musique Militaire-«Abba Revival Show».

Page 62: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier59

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

SousbocksEdition spéciale 100enaire2 x 4 sousbocks & box 3,00 Eur (+frais d'envoi)

Wagon MÄRKLIN Sold out

Tasse NEW WAVE CaffèEdition spéciale 100enaireTasse espresso avec party plate (Villeroy & Boch)Set 1 tasse & 1 assiette coffret cadeau 29,00 EurSet 2 tasses & 2 assiettes coffret cadeau 58,00 EurDisponible auprès du Syndicat d’Initiative

Sets de TableEdition spéciale 100enaireemballage par 500 pcs.(livraison gratuite)

Livre du Centenaire304 pagesemballage sous film(+frais d'envoi 3 Eur) 40,00 Eur

Disponible auprès de la RecetteCommunale (Maison Communale), du Syndicat d’Initiative (rue de Bastogne)et chez LIBO (rue Prince Henri)

Envoi postal: Prière de verser 43 Eur sur lecompte CCPL LU29 1111 0010 4171 0000(Recette Communale) avec la mention«Livre du Centenaire»

500 pcs. 25,00 Eur1000 pcs. 45,00 Eur5000 pcs. 200,00 Eur

Page 63: de Reider 42

De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier Juli 2008 60

De Reider Spezialnummer HonnertjoerfeierJuli 2008

Centenaire de la Ville d’Ettelbruck

Page 64: de Reider 42

Juli 2008 De Reider Spezialnummer Honnertjoerfeier61