Upload
others
View
6
Download
0
Embed Size (px)
Citation preview
SUESSEM.CSV.LU /CSVSUESSEM
KONTAKT- AN INFORMATIOUNSBLAT VUN DER CSV SUESSEM
OP DEPUNKT.MÄR SI PRETT! 100% ENGAGÉIERT FIR EIS GEMENG!
E Sonnden, den 8. Oktober 2017, ass et esouwäit! Da kënnt Där entscheeden, weem Där Äert Vertraue fir déi nächst 6 Joer wëllt schenken.
An eiser leschter Ausgab vum „Op de Punkt“ hu mär Äech déi perséinlech Prioritéite vun eise Kandidaten duergeluecht, andeems mär nëmmen e puer Punkten aus eisem Wahlpro-gramm erausgepickt hunn.
Där hat awer och d’Méiglechkeet, eise kom-plette Wahlprogramm duerchzeliesen, fir Äech eng besser Iddi ze maachen, fir wat d’CSV steet.
Nodeems mär Äech virun der grousser Va-kanz eis Kandidate vun hirer politescher Säit beliicht hunn, weise mär eis op den nächste Säite gäre vun eiser privater Säit an all eenzele Kandidat erkläert och de
Grond vun sengem politeschen Engage-ment.
Ech kann Äech versécheren, dass déi 17 CSV Kandidaten all bereet sinn, sech 100% fir eis Gemeng z’engagéieren an och Verantwor-tung z’iwwerhuelen!
Schenkt hinnen Äert Vertrauen andeems Där de Krees iwwert eiser Lëscht schwäerzt oder Är 17 Kräizer op eiser Lëscht verdeelt.
Mär soen Äech Merci am Viraus fir Äert Vertrauen!
Nous sommes prêts! 100% engagés pour notre commune!
Le 8 octobre arrive à grands pas. À cette date, vous déciderez à qui vous allez donner votre confiance pour diriger notre commune pendant les 6 prochaines années.
Dans notre dernière édition du «Op de Punkt», nous vous avons présenté les priorités per-sonnelles de nos candidats en sélectionnant quelques points de notre programme électo-ral. Sur notre site internet (https://suessem.csv.lu/files/2017/09/Programme-Sanem_
FR.pdf), vous trouverez notre programme dans son entièreté en langue française, afin de permettre de vous faire une meilleure idée des engagements du CSV.
Après une présentation plus politique de nos candidats dans une édition précédente, les pages suivantes vous feront découvrir notre côté privé et chacun d’entre nous explique la raison de son engagement politique.
Je peux vous assurer que les 17 candidats du CSV sont tous prêts à s’engager à 100% pour notre commune et à prendre des res-ponsabilités !
Prêtez-leur votre confiance en cochant la case au-dessus de notre liste ou bien en répartissant vos 17 voix sur notre liste.
Nous vous remercions d’avance pour votre confiance!
NATHALIE MORGENTHALERSpëtzekandidatin & Presidentin vun der CSV Suessem
Tête de liste & présidente du CSV Sanem
3
© V
AL
WA
GN
ER
PAUL POMANTE59 Joer, EilerengCHEM Ugestallten an der Préretraite
Sport kucken, Liesen, an der Natur sinn,Musik lauschteren
Esou ewéi vill Bierger aus eiser Gemeng wënschen ech mer och an enger innovativer, attraktiver a moderner Gemeng ze wunnen, an dofir wëll ech mech un der Gemengepolitik bedeelegen an do hellëfen, wou et mer méiglech ass.
FRANCA ROMEO59 Joer, ZolwerPensionnéiert Gemengebeamtin
Molen, Nordic Walking, Reesen, FamillResponsabel Staff Artikuss,Sekretärin Bieleser Entente, Member Comité GSH (Gemeng Suessem hëlleft),Member Comité Amis de la Fleur Bieles
Eierlech engagéiert fir zesumme mat eise Gemengebierger an eise Wäerter eng dynamesch Gemeng fir muar ze schafen.
MIKA WAGNER21 Joer, Zolwer Pilot
Lafen, Tauchen, SegelenSportsfliegerei (Aéro-Sport du Luxembourg)
Ech sinn eng Persoun, déi sech fir säi Wëllen a seng Iwwerzeegungen asetzt. D’CSV Suessem erlaabt mir genau dat: eng Hand mat unzepaken, meng Kompetenzen op der richteger Plaz uwenden ze kënnen an zesumme mat enger staarker an dynamescher Equipe eppes verbesseren ze kënnen.
ALBERT MENGHI61 Joer, SuessemPensionnéierten Informatiker
Informatik, Musik & Gesank, ReesenVizepresident LCGB Gemeng Suessem & LCGB-SESM,Member Comité CIGL,Vizepresident Lëtzkulti asbl.
En oppent Ouer fir de Bierger hunn an houfreg sinn, d‘Problemer vun de Matbierger ze léisen, egal wéi kleng oder grouss se sinn.
CARINE REUTER-BAULER62 Joer, SuessemPensionnéiert EngleschprofessorinGemengerot
Sangen, Liesen, FamillPresidentin Chorale Ste Cécile Suessem,Presidentin Suessemer Entente, Vize-presidentin GSH (Gemeng Suessem hëlleft)
Meng Haaptmotivatioun fir politesch aktiv ze sinn ass de Wëllen, de Leit aus eiser Gemeng Sécherheet an eng gutt Liewensqualitéit ze garantéieren. Als Gemengepolitiker kann ee sech direkt asetze fir déi Leit, deenen een all Dag begéint a mat deenen ee perséinlech a Kontakt komme kann.
JOS SCHMIT60 Joer, ZolwerPensionnéierten Arcelor Mittal Ugestallten
Kachen, Bénévole bei der Main Tendue Vizepresident Zolwer Entente,Sekretär Zolwer Basket,President Jugendkommissioun Zolwer Basket
Meng Haaptmotivatioun ass dozou bäizedroen, dass eis Gemeng an der Zukunft méi interessant a liewenswäert gëtt, andeems ech mech asetze fir méi e grousst Matsproocherecht fir de Bierger bei der Gestaltung vun eiser Gemeng.
SUESSEM.CSV.LU /CSVSUESSEM
SUESSEM.CSV.LU /CSVSUESSEM
EIS KANDIDATE FIR DEN 8. OKTOBERGEMENGEWAHLEN 2017
AURÉLIE ANEN 27 Joer, ZolwerAffekotin & Candidat-Notaire
Yoga, MusekQuerflute an der Zolwer Musek
A mengem Beruff als Affekot sinn ech stänneg dorops beduet, déi beschtméiglechst Léisungen op Problemer ze fannen. Duerch dës Erfahrunge fillen ech mech bereet, nei Erausfuerderunge bei eis an der Gemeng unzegoen.
MIKE HOLZEM44 Joer, SuessemManager am Marketing
Sangen, Musik, Film & Fotografie,Informatikaktive Member Chorale Ste Cécile & Culture Club Suessem,Sekretär Hot Daddy’Suessem
Mat der Erfahrung aus der Vergaangenheet d’Zukunft gestalten. Gläich Chance fir Jiddereen.
MICHEL BASCHERA61 Joer, ZolwerSelbststänneg
Tennis, Fussball, Reiden Comitésmember TC Itzeg, Administrateur CIGDL (Chambre immobilière)
Gemengenentwécklung a planifikatioun fir eng mënschegerecht a liewenswäert Zukunft.
ANNE LOGELIN32 Joer, BielesEnseignante an der Mathematik
Lafen, Schwammen, Vëlo fueren &Konscht
D‘Mathematik huet mech geléiert Situatiounen z‘analyséieren, Schwaachstellen ze detektéieren a Léisungen ze fannen. De Sport huet mär bäibruecht mat Ausdauer an Disziplin Zieler z‘erreechen. Mat dësen Eegenschaften engagéieren ech mech, zesumme mat enger stuarker Equipe, fir eng fair an nohalteg Entwécklung vun eiser Gemeng.
NICOLAS MELMER30 Joer, BielesAffekot
Schwammen
Eis jonk Generatioun an de Mëttelpunkt setzen, fir deene Jonke vun haut, muar eng sécher a stabel Zukunft z’erméigelechen, mat engem bezuelbare Wunnraum.
NATHALIE MORGENTHALER37 Joer, ZolwerPolitologin / Chargée de direction vum CET (Centre pour l’égalité de traitement)Gemengerot
Reesen, Liesen, SportVizepresidentin Bieleser Entente,Vizepresidentin Comité CIGL Suessem,Member Comité EcoSol & EpiSol (Eis Epicerie Zolwer)
Am Dialog mat de Bierger muss d’Politik fir eng nohalteg liewenswäert Entwécklung vun eiser Gemeng suergen. Et läit mär um Häerz, en Ëmfeld ze schafen, an deem Jidderee sech wuelfillt.
CORRADO FECCHI24 Joer, ZolwerMaster en ressources humaines & Assurancenagent
Fussball (fréier beim CS Sanem)
Ech hu mech opgestallt fir d‘Gemengewahlen 2017, well ech fest dovunner iwwerzeegt sinn, dass mir all zesumme méi mussen op d‘Jugend an eiser Gemeng opbauen.
GASTON ANEN62 Joer, ZolwerPensionnéierte Reliounsprofessor
Philosophie, Sport, Eisebunn President Zolwer Entente,Vize-President Zolwer Basket, Sekretär Jugendkommissioun Zolwer Basket
Ech wëll mech asetzen fir datt Informatiounen am Virfeld vun Entscheedungen transparent kënnen diskutéiert ginn, zum Beispill a reegelméissege Biergerforen. Ausserdeem wëll ech dozou bäidroen, eng ökologesch Visioun lokal ëmzesetzen.
MICHÈLE LIPPERT-GIRA54 Joer, Zolwer Remplaçante an der EDIFF
Dëschtennis, Handuarbechten Sekretärin Suessemer Guiden & Scouten
Mat enger motivéierter a staarker Equipp d’Zesummeliewen an eiser Gemeng matgestalten, datt et all Bierger gutt geet an och esouvill wéi méiglech Natur erhale bleift.
ERIC BATTING48 Joer, BielesPréposé technique CFL
Fitness, Mountain Bike Member Albatrossen (fréier Scouten)
Mat den zukünftege Generatiounen d’Léift zur Natur an de Respekt vun der Landwirtschaft deelen.
MIKE LORANG42 Joer, BielesAide-éducateurGemengerot
Reesen, Sport kucken, FamillResponsabel Equipe Flèche du Sud,Member Albatrossen (fréier Scouten)
Duerch mäi fréiere Beruff sinn ech geléiert ginn, Problemer ze léisen; dëst wëll ech och an der Gemeng Suessem maachen an doduerch eis Gemeng besser maachen.
Prinect PDF Report 16.00.047 - 1 - 09/20/2017 03:15:22 PM
Document overviewFile name: Op de punkt-Sanem-REKA.pdfTitle: -Creator: Adobe InDesign CC 2017 (Macintosh)Producer: Adobe PDF Library 15.0Author: -Creation Date: 09/20/2017 10:28:42 AMModification Date: 09/20/2017 03:14:59 PMFile size: 18.4 MByte / 18794.2 KByteTrapped: NoOutput Intent: -PDF/X Version: -PDF Version: 1.4Number of pages: 2Media Box: 434.82 x 311.82 mmTrim Box: 420.00 x 297.00 mm
Summary Error Warning Fixed InfoDocument - - - -PDF/X - - - -Pages - - - -Colors - - - -Fonts - - - -Images - 2 - -Content - - - -
ImagesColor image resolution 224 dpi is below 250 dpi #1 (1)Color image resolution 226 dpi is below 250 dpi #1 (1)
Additional informationSettings used: Qualify_Standard
Color separations: 5CMYK
Technique
Color spacesDeviceCMYK / DeviceGray / Separation
Fonts: 10Calibre-Bold (2x) Type1 / WinAnsi / embedded subsetCalibre-Bold Type1 / Custom / embedded subsetCalibre-Light Type1 / Custom / embedded subsetCalibre-LightItalic Type1 / WinAnsi / embedded subsetCalibre-Medium Type1 / WinAnsi / embedded subset
Prinect PDF Report 16.00.047 - 2 - 09/20/2017 03:15:22 PM
Calibre-MediumItalic Type1 / Custom / embedded subsetForoRounded-Light (2x) Type1 / WinAnsi / embedded subsetForoRounded-Light Type1 / Custom / embedded subset