Click here to load reader

FORMATIOUNE FIR JONKER - SNJ · PDF file X Peer Mediation im Schulalltag Das Projekt Peer-Mediation wird vom SCRIPT und vom SNJ geleitet und l uft seit mehr als 10 Jahren sehr erfolgreich

  • View
    17

  • Download
    0

Embed Size (px)

Text of FORMATIOUNE FIR JONKER - SNJ · PDF file X Peer Mediation im Schulalltag Das Projekt...

  • Programm 2013 -14

    Une offre du

    Léiere mat Jonken ze schaffen

    Kolonie Animatioune plangen an duerchféieren

    Hike Wéi fannen ech mäi Wee mat Kaart a Kompass ?

    Natur Waasser a Bësch mat Kanner entdecken

    Wëssenschaft Special effects - kee Problem

    Sécherheet Sinn dës Spiller ze veräntwerten ?

    FORMATIOUNEFIRJONKER

  • Impressum Rédaction SNJ

    Mise en page SNJ

    Imprimerie Imprimerie Centrale

    Tirage 1000 exemplaires

    Parution Septembre 2013

    Crédit photo Groupe Animateur, SNJ

  • Iwwerbléck

    3

    De Service National de la Jeunesse (SNJ) ass en öffentleche Service, deen ënnert der Autoritéit vum Familien- a Integratiounsministär steet. Eng vu ville Missioune vum SNJ ass Formatioune fir Animateuren z’organiséieren.

    D’Formatioune fir Animateure riichte sech un all déi, déi wëlles hunn, Fräizäitaktivitéite fir Kanner a Jugendlecher z’encadréieren. Den Inhalt an d’Dauer vun de Formatiounen hänke vun den Aufgabe vun den zukünftegen Animateuren of.

    Et gëtt ënnerscheed tëscht:

    - Formatioun A : Animateur vu Vakanzaktivitéiten ouni Iwwernuechtung, - Formatioun B : Aide-Animateur bei Campen a Kolonien, - Formatioun C : Animateur bei Campen a Kolonien, - Formatioun D : spezialiséierten Animateur, - Formatioun E : Campchef, Responsabel vun enger Kolonie, - Formatioun F : Formateur.

    Den SNJ organiséiert all d’Animateursformatiounen, ausser den Animateur A, deen an de Gemengen uge- buede gëtt.

    D’Formatiounen, déi no de Prinzipie vun der non-formaler Bildung oflafen, bréngen de Jonken déi néideg Animatiounstechniken a gewësse Kenntnisser iwwer Kanner a Jugendlecher bäi. D’Participante léiere wéi si Aktivitéiten plangen, organiséieren an duerchféieren a wéi se e Grupp Kanner oder Jugendlecher richteg leeden. D’Zil vun der Formatioun ass, déi zukünfteg Animateuren drop virzebereeden, wéi se d’Kanner gutt encadréieren op de Kolonien a Campen.

    Nom Ofschloss vum 1. Cycle, dee min. 150 Stonnen dauert, kritt den Animateur de Brevet B. Nom 2. Cycle, deen och eng Dauer vu min. 150 Stonnen huet, kritt den Animateur säi Brevet C. Nom Ofschloss vun der Formatioun fir Campchef oder Responsabel vun enger Kolonie ze ginn, kritt den Animateur säi Brevet E.

    D’Formatiounen aus dëser Brochure sinn an Zesummenaarbecht mat enger ganzer Reih Partnerassocia- tiounen organiséiert: Groupe Animateur (GA), Fonds national de la recherche (FNR), Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) a Muséksschoul vun der UGDA.

    Niewt der Animateursformatioun organiséiert den SNJ och nach an Zesummenaarbecht mat der Croix-Rouge d’Formatioun fir Co-piloten, d’Animateuren an de Jugendhaiser.

    Den SNJ bidd nach eng Rëtsch aner Formatiounen un, déi awer net direkt op ee vun de Breveten erauslafen, zum Beispill déi fir d’Freelance an den Zentre vum SNJ.

    Och am schoulesche Beräich kënnen déi Jonk u Formatioune vum SNJ deelhuelen. Den SNJ bidd eng For- matioun fir Peer-Mediateuren an eng Formatioun fir d’Membere vu Schülercomiteeën un.

    All d‘Formatioune lafen no de Methoden a Konzepter vun der non-formaler Bildung of.

  • 5

    D’Formatiounen

  • Animateur B, C, D, E, F

    6

    Brevet vum Animateur B Fir de Brevet B ze kréien, muss een : • 3 Weekender (dovunner mindestens 2 „weekends de base“) an • déi 1. Formatiouswoch matgemaach hunn an • e praktesche Stage (e Camp oder eng Kolonie vu mindestens 1 Woch) gemaach hunn.

    Fir un de Formatioune vum Animateur B deelzehuelen, muss ee mindestens 16 Joer al sinn !

    Brevet vum Animateur C Fir de Brevet C ze kréien, muss een d’Formatioune fir den Animateur B matgemaach hunn, an : • 3 Weekender an • déi 2. Formatiounswoch matgemaach hunn an • e praktesche Stage (e Camp oder eng Kolonie vu mindestens 1 Woch) gemaach hunn

    Fir un der 2. Formatiounswoch deelzehuelen, muss ee mindestens 17 Joer al sinn.

    Brevet vum Animateur D Den SNJ bidd zwou Formatioune fir de spezialiséierten Animateur un: d’Formatioun vum „Animateur scientifique“ (an Zesummenaarbecht mam Fonds national de la recherche“) an den Animateur „Natur“. Fir de Brevet Animateur D ze kréien, muss een de Brevet vum Animateur C hunn !

    Brevet vum Animateur E Dës Formatioun riicht sech un déi Animateuren, déi hire Brevet C hunn an déi wëlles hu Campchef oder Responsabel vun enger Kolonie ze ginn. Fir de Brevet E ze kréien, muss een de Brevet C hunn, an un : • dem Formatiounsweekend « Wéi organiséieren ech eng Kolonie ? » deelhuelen an • e praktesche Stage maachen, dat heescht als „chef de camp adjoint“ un enger Kolonie oder engem Camp

    deelhuelen.

    Brevet vum Animateur F Dës Formatioun ass fir déi Animateuren, déi jorelaang Erfahrung als Animateur a Campchef hunn, an déi wëlles hunn, selwer Formatioune fir Animateuren ze halen.

    Fir de Brevet F ze kréien, muss een de Brevet C hunn an un : • der Formatioun fir Formateuren deelhuelen an • e praktesche Stage als Co-Formateur bei engem Formatiounsweekend maachen.

    Contact [email protected] Tél.: 247-86464

    Bon à savoir E puer wichteg Informatiounen zur Animateursformatioun beim SNJ • 4 Woche virun der Formatioun kréien d’Participanten e Bréif mat allen Informatiounen. D’Sue

    mussen 2 Woche virun der Formatioun um Kont vum Service National de la Jeunesse sinn! • Fir un den eenzelne Formatiounen deelzehuelen, muss ee lëtzebuergesch schwätze kënnen! • Bei de Formatioune gëtt an engem Chalet oder an enger Jugendherberg iwwernuecht, ausser

    beim „Hike“ a beim „Weekend an der Natur“. Op denen 2 Formatiounen iwwernuecht de Grupp dobaussen.

    Dës Formatioune si fir Animateure vu Camp’en a Kolonie geduecht.

  • 7

    De Co-pilot ass den Animateur am Jugendhaus. Den Animateur am Jugendhaus huet eng ganz Reih Aufgaben a Méiglechkeeten : e kann dem Educateur bei Aktivitéiten hëllefen, e ka selwer Aktivitéiten ubidden, e ka mat als Ani- mateur mam Jugendhaus an d’Kolonie goen an a verschiddene Jugendhaiser dierfen d’Co-pilote souguer selwer d’Jugendhaus opmaachen.

    Brevet Co-Pilot B an C

    D’Strukur vun der Co-pilot Formatioun ass ähnlech wéi déi vum Animateur vu Fräizäitaktivitéite fir Kanner. Fir de Brevet B muss de Co-pilot:

    - un 3 WE oder 2 WE an 1 Workshop an - un der 1. Formatiounswoch deelhuelen, an e muss - e praktesche Stage vun 10 Deeg an engem anere Jugendhaus oder 1 Woch Kolonie maachen.

    Fir de Brevet C muss de Co-pilot de Brevet B hunn an: - un 3 WE an - un der 2. Formatiounswoch deelhuelen, an e muss - e praktesche Stage vun 10 Deeg an engem anere Jugendhaus oder 1 Woch Kolonie maachen.

    Co-pilot Formatioune ginn och am Kader vun der Formatioun fir Animateure vu Fräizäitaktivitéiten mat Kanner uner- kannt (Brevet B an C). D’Co-pilot Formatioun gëtt zesumme vun der Croix-Rouge a vum SNJ ugebueden.

    Fir un der Formatioun deelzehuelen, muss ee folgend Donneeën un den SNJ oder un d’Croix-Rouge schécken: Numm, Virnumm, Adress, Matricule, E-mailadress an Handysnummer.

    Virun all Formatioun gëtt ee kontaktéiert, et kritt ee méi Informatiounen iwwer d’Formatioun an da kann een entscheeden, ob ee wëll deelhuelen.

    Umelle kann ee sech hei: [email protected] oder [email protected]

    Contact [email protected] Tél.: 247-86464

    [email protected] Tél.: 691 922 879

    Co-Pilote

  • 8

    Freelance Teambuilding et sport en plein air

    Dans le cadre de ses activités aux centres Marienthal et Lultzhausen, le Service National de la Jeunesse recherche des animateurs pour l`encadrement de groupes de jeunes : stages sur parc à cordes, sports nautiques, VTT, VTT Tandem, Tir à l’arc, Teambuilding et escalade en salle.

    Les animateurs doivent suivre préalablement des formations proposées gratuitement, en collaboration avec l’ENEPS. Elles visent à préparer les candidats à l`encadrement de jeunes lors des différentes activités.

    Les formations s’adressent à des personnes âgées de 18 ans au moins maîtrisant la langue luxembourgeoise, étant détenteur d’un brevet de 1ier secours et qui envisagent de s`engager comme animateur spécialisé pendant la semaine, le week-end ou pendant les vacances scolaires dans un des deux centres du SNJ.

    Contact Jos Meysembourg [email protected]

    Freestyle crew Le but de ce projet est de passionner des adolescents âgés de 11 à 20 ans pour des activités sportives freestyle et de promouvoir une alimentation équilibrée. Les membres de la « Freestyle Crew » animent différents ateliers sportifs qui sont offerts lors du « Freestyle Tour » : Hip-Hop, Breakdance, Capoeira, Streetskate, Slalomboard, Longboard, Inline Skate, Frisbee, Freestyle Soccer, Jonglage, Footbag. Si tu es motivé(e) à encadrer des groupes de jeunes dans ta discipline freestyle, âgées de 18 ans et si tu es intéressé(e) à devenir membre de notre « Freestyle Crew », n’hésite pas à nous contacter.

    Contact Myriam Otto myriam.ot[email protected]

  • 9

    Peer Mediation

    Bon à savoir

    Mediation ist ein Verfahren der Konfliktregelung, bei der die Konfliktparteien freiwillig unter Leitung und Hilfe eines neutralen Dritten, der von beiden Seiten akzeptiert wird, ihre Streitigkeiten im Einvernehmen zu lösen, d.h. die Lösung eines Konfliktes wird von von den Kon

Search related