4
croix-rouge luxembourgeoise Jeunesse Am November wor déi grouss Iwwerreechung vun den Breveten fir den « Aide-animateur » an « Animateur ». Dëst Joer hunn iwwer 300 jonk Läit dësen Brevet iwwerreecht krut. 300 jonk Läit déi sech benevole engagéieren an domadder hier Fräizäit an den Déngscht vun der Gesellschaft stellen. Hinnen alleguerten en decken Merci fir dat wat si leeschten. Och 2011 hunn mir erëm en vollen Programm. Ons Kolonien fir den Wanter an Summer, onsen vollen Formatiounsprogramm an awer och Vakanzefoire, Sherpa 2 an… an… an An besonnesch eraussträichen wëllen mir ons nei (al) Destinatioun am Frankräich. Mier bidden 2011 erëm d’Geleeënheet, 2 Wochen Camping um Mëttelmier ze verbréngen. No 3 Joer zu Hyères an onser Villa, hunn mer fonnt etgeif erëm Zäit ginn zeréck an dNatur. Just e puer Millimeter Loft an en dënnen Schlofsak tëschent ons an dem Buedem. An dëst alles op onsem alen (neien) Camping zu Canet-Plage. Avis aux amateurs ! Iech alleguerten an ärer Famill nach schéin Feierdeeg an en gudden Rutsch an dat neit Joer ! R P EDITO SOMMAIRE MAGAZIN VUM LëTZEBUERGER JUGENDROUTKRäIZ Edito 1 Education au développement durable 1 Interview Mam Béatrice Winandy 1 Ech sinn och dobäi... 2 Kolonien Summer 2011 2 Réckbléck Summercolonien 2010 2 Action de fin d’année, een cadeau fir jidderen 3 Alles anescht, an awer nach d’selwecht... 3 Ludothéik 3 Agenda 3 Pinnwand 4 Et wor emol... Sinn se all am Bus ? 4 Sproch vum Mount 4 Zuel vum Mount 4 Impressum 4 DEC 2010 17 EDUCATION AU DéVELOPPEMENT DURABLE Gewalt, Krich, bewaffnet Konflikter – wéi kann een an sou engem ëmfält en normaalt Liewen féieren ? A ween ass do fir der Zivilbevëlkerung ze hëllefen ? Et mussen gewësse Regelen a Prinzipien ginn un déi mir eis halen fir zesummen an enger Gesellschaft ze funktionéieren; op mir lo vum humanitäre Vëlkerrecht an enger Konfliktsituatioun oder vu Respekt an Zesummenhalt am Klassesall schwätzen. De Klimawandel gëtt an den Medien souvill behandelt ewéi ni virdrun, mir kréien bei bal allem wat mir kafen gesot dass et ëmweltfrëndlech ass, dass mir op d’Natur sollen oppassen, mä wat sinn Konsequenzen vum Klimawandel ? Wei eng Problemer wäerten op eis Gesellschaft zoukommen wann den Mieresspigel tatsächlech weider steigen ? Dëst ass eng Problematik wou net méi ze verhënneren ass an am volle Prozess stécht. Et ass also eis Pflicht eis mat dësem Thema ze beschäftegen. Den Waasserverbrauch ass staark geklommen an den leschten Joren an en wär nach enorm an Zukunft steigen, mä och fir d’Iesswueren an aner Produkter hierzestellen gëtt ganz vill Waasser gebraucht. Wei gesäit et mam Waasserzougang an manner developpéierten Länner aus an wat kenne mir dorausser leieren ? Wei solle mir eis an Zukunft mam Waasser verhaalen ? Gett et en Zesummenhang mam Waasser an mat Krankheeten déi sech schnell an der Gesellschaft verbreeden, virun der jiddereen Respekt huet an déi vill Angscht verbreeden, den sougenannten Epidemien. Virun kuerzem nach wore mir All wéinst der sougenannter Schwéngsgripp an héchster Alarmbereetschaft. Wei kenne mir an Zukunft mat dësen Problemer ëmgoen ? D’Roudkraiz huet sech dës Themen zu Häerz geholl well si net ze vermeiden sinn an mir leieren mussen domadder ëmzegoen. Et sinn dës Problemer dei an Zukunft nach méi zum vierschein kommen an mir ëmmer méi oft domadder konfrontéiert wäerten ginn. Op Ufro kennen Mataarbechter an Fräiwëlleger vun der Croix-Rouge an den Lycéeën mat Jugendlechen während den Schoulzäiten mat hinnen an engem interaktivem Cours dorower diskutéieren. Wann dëst iech intresséiert oder dir méi Informatiounen wëllt dann meld iech bei : Mme Béatrice Winandy Croix-Rouge luxembourgeoise Service International +352 45 02 02 451 +352 661 49 30 24 [email protected] CM INTERVIEW MAM BéATRICE WINANDY Béatrice, wouranner besteet deng Aarbecht bei der Croix-Rouge ? Ech si fir d’Educatioun au Développement durable (EDD) zoustänneg, d.h. datt ech Atelier fir an d’Lycéeën ausschaffen an dono d’Couren hale ginn. Dëst kënnen souwuel punktuell Atelieren sinn wéi och méi laangwiereg Projeten. Momentan konzentréieren ech mech op d’Lycéeën mä et géing mech och intresséieren mat Jugendhaiser zesummenzeschaffen. Zousätzleche zu der EDD geréieren ech nach verschidden Projeten an der Urgence, sou wéi Equipe vun der « Emergency Rescue Unit ». Wou gesäis du d’Motivatioun esou en schwieregt Thema ewéi den Développement durable an den Lycéeën virzestellen ? Den Développement durable ass eppes wat eis all ugeet an net just fir Entwécklungslänner gëllt. Ech fannen et wichteg datt di jonk Leit hei zu Lëtzebuerg sech mat sou Themen ausernaner setzen an sech iwwert hier eege Roll an deem Ganzen bewosst ginn. Dofir probéieren ech a mengen Atelieren och ëmmer d’Situatiounen déi mir an de Länner vum sougenannten Süden gesinn mat eiser eegener Realitéit ze verbannen. Dëst soll verhënneren datt mir di Problemer déi mir uschwätzen als ze wäit ewech gesinn, mä grad datt mir verstinn datt eist Handelen en Afloss kann hunn (souwuel am positiven wéi am negativen). Béatrice Winandy Waasserversuergung an Namibia Minenraumen an Südostasien

Read & talk about nr17 2010

Embed Size (px)

DESCRIPTION

Read & talk about nr17 2010 _ Magazin vum Létzebuerger Jugendroutkräiz

Citation preview

Page 1: Read & talk about nr17 2010

croix-rougeluxembourgeoise

Jeunesse

Am November wor déi grouss Iwwerreechung vun den Breveten fir den « Aide-animateur » an « Animateur ». Dëst Joer hunn iwwer 300 jonk Läit dësen Brevet iwwerreecht krut. 300 jonk Läit déi sech benevole engagéieren an domadder hier Fräizäit an den Déngscht vun der Gesellschaft stellen.Hinnen alleguerten en decken Merci fir dat wat si leeschten.Och 2011 hunn mir erëm en vollen Programm. Ons Kolonien fir den Wanter an Summer, onsen vollen Formatiounsprogramm an awer och Vakanzefoire, Sherpa 2 an… an… anAn besonnesch eraussträichen wëllen mir ons nei (al) Destinatioun am Frankräich. Mier bidden 2011 erëm d’Geleeënheet, 2 Wochen Camping um Mëttelmier ze verbréngen. No 3 Joer zu Hyères an onser Villa, hunn mer fonnt etgeif erëm Zäit ginn zeréck an dNatur. Just e puer Millimeter Loft an en dënnen Schlofsak tëschent ons an dem Buedem. An dëst alles op onsem alen (neien) Camping zu Canet-Plage. Avis aux amateurs !Iech alleguerten an ärer Famill nach schéin Feierdeeg an en gudden Rutsch an dat neit Joer !

R P

EDITO

SOMMAIRE

MAGAZIN VuM LëtZeBueRGeR JuGeNDROutKRäIZ

edito 1

education au développement durable 1

Interview Mam Béatrice Winandy 1

ech sinn och dobäi... 2

Kolonien Summer 2011 2

Réckbléck Summercolonien 2010 2

Action de fin d’année, een cadeau fir jidderen 3

Alles anescht, an awer nach d’selwecht... 3

Ludothéik 3

Agenda 3

Pinnwand 4

et wor emol... Sinn se all am Bus ? 4

Sproch vum Mount 4

Zuel vum Mount 4

Impressum 4

DE

C 2

010

17

EDucATIOn Au DévElOppEMEnT DuRAblE

Gewalt, Krich, bewaffnet Konflikter – wéi kann een an sou engem ëmfält en normaalt Liewen féieren ? A ween ass do fir der Zivilbevëlkerung ze hëllefen ? et mussen gewësse Regelen a Prinzipien ginn un déi mir eis halen fir zesummen an enger Gesellschaft ze funktionéieren; op mir lo vum humanitäre Vëlkerrecht an enger Konfliktsituatioun oder vu Respekt an Zesummenhalt am Klassesall schwätzen.

De Klimawandel gëtt an den Medien souvill behandelt ewéi ni virdrun, mir kréien bei bal allem wat mir kafen gesot dass et ëmweltfrëndlech ass, dass mir op d’Natur sollen oppassen, mä wat sinn Konsequenzen vum Klimawandel ? Wei eng Problemer wäerten op eis Gesellschaft zoukommen wann den Mieresspigel tatsächlech weider steigen ? Dëst ass eng Problematik wou net méi ze verhënneren ass an am volle Prozess stécht. et ass also eis Pflicht eis mat dësem thema ze beschäftegen.

Den Waasserverbrauch ass staark geklommen an den leschten Joren an en wär nach enorm an Zukunft steigen, mä och fir d’Iesswueren an aner Produkter hierzestellen gëtt ganz vill Waasser gebraucht. Wei gesäit et mam Waasserzougang an manner developpéierten Länner aus an wat kenne mir dorausser leieren ? Wei solle mir eis an Zukunft mam Waasser verhaalen ? Gett et en Zesummenhang mam Waasser an mat

Krankheeten déi sech schnell an der Gesellschaft verbreeden, virun der jiddereen Respekt huet an déi vill Angscht verbreeden, den sougenannten epidemien. Virun kuerzem nach wore mir All wéinst der sougenannter Schwéngsgripp an héchster Alarmbereetschaft. Wei kenne mir an Zukunft mat dësen Problemer ëmgoen ?

D’Roudkraiz huet sech dës themen zu Häerz geholl well si net ze vermeiden sinn an mir leieren mussen domadder ëmzegoen. et sinn dës Problemer dei an Zukunft nach méi zum vierschein kommen an mir ëmmer méi oft domadder konfrontéiert wäerten ginn.

Op ufro kennen Mataarbechter an Fräiwëlleger vun der Croix-Rouge an den Lycéeën mat Jugendlechen während den Schoulzäiten mat hinnen an engem interaktivem Cours dorower diskutéieren.

Wann dëst iech intresséiert oder dir méi Informatiounen wëllt dann meld iech bei :

Mme béatrice Winandycroix-Rouge luxembourgeoiseService International+352 45 02 02 451+352 661 49 30 [email protected] CM

InTERvIEW MAM béATRIcE WInAnDy

Béatrice, wouranner besteet deng Aarbecht bei der Croix-Rouge ?ech si fir d’educatioun au Développement durable (eDD) zoustänneg, d.h. datt ech Atelier fir an d’Lycéeën ausschaffen an dono d’Couren hale ginn. Dëst kënnen souwuel punktuell Atelieren sinn wéi och méi laangwiereg Projeten. Momentan

konzentréieren ech mech op d’Lycéeën mä et géing mech och intresséieren mat Jugendhaiser zesummenzeschaffen.Zousätzleche zu der eDD geréieren ech nach verschidden Projeten an der urgence, sou wéi equipe vun der « emergency Rescue unit ».

Wou gesäis du d’Motivatioun esou en schwieregt Thema ewéi den Développement durable an den Lycéeën virzestellen ?Den Développement durable ass eppes wat eis all ugeet an net just fir entwécklungslänner gëllt. ech fannen et wichteg datt di jonk Leit hei zu Lëtzebuerg sech mat sou themen ausernaner setzen an sech iwwert hier eege Roll an deem Ganzen bewosst ginn. Dofir probéieren ech a mengen Atelieren och ëmmer d’Situatiounen déi mir an de Länner vum sougenannten Süden gesinn mat eiser eegener Realitéit ze verbannen. Dëst soll verhënneren datt mir di Problemer déi mir uschwätzen als ze wäit ewech gesinn, mä grad datt mir verstinn datt eist Handelen en Afloss kann hunn (souwuel am positiven wéi am negativen).

Béatrice Winandy

Waasserversuergung an Namibia

Minenraumen an Südostasien

Page 2: Read & talk about nr17 2010

Saït 002

als ... Monitrice an den Vakanzekolonien

numm : Fabiana Loureiro

Alter : 21

Gebuertsdag : 07.10.1989

Ech hunn 1 Schwester : Jessica, 14 Joër.

Wunnen zu :Bréissel

Meng Schoul : HeB Defré

Meng Hobbyen : Kolonien, Kino, mat Kollegen eppes ënnerhuelen, dat üblecht halt.

beim Roude Kräiz derbäi zënter : 2008

Meng éischt Kolonie :Dat wor am Summer 2008 mam Yasmine zu Bierg mat deenen ganz klengen. eng super equipe an eng onvergiesslech Vakanz ! et huet mir wierklech mega vill Spaass gemaach an wéi dass ech Primärschouljoffer well ginn, wor dat eng gutt Geleeënheet vill beizeléiren.

Mäin schéinsten Erliefnes :tauchen zu Hyères ! An soss erlieft een ëmmer vill an den Kolonien ! et ginn ëmmer witzeg, schéin awer och traureg Momenter...

Spillen oder bastelen ?Definitiv Spillen ! Am bastelen wor ech nach ni begaabt... Mee ech spillen nach ëmmer ganz gären an entdecken ëmmer gär nei Spiller. Op mat deenen ganz klengen oder mat den Jugendlecher, et ass ëmmer flott mat ze spillen :)

Dobannen oder dobaussen ?Dobaussen ! et kann een sou onbegrenzte Saachen fannen fir dobaussen ze maachen an dobannen ass een oft limitéiert.

la panne, bierg oder Fiesch ?Am léifsten Bierg, wéi dass ech nach keng Kolonie op deenen aneren Platzen gemaach hunn... Awer am allerléifsten hunn ech Hyères, do kann ganz vill ënnerhuelen an d Wieder ass iwwerdriwwen gutt dohannen ! Vakanzen mat Jugendlecher kennen och mega cool sin, zemools wann een eng super Moniteurs- an « Kanner » equipe huet !

EcH SInn OcH DObäI… RécKblécK SuMMERcOlOnIEn 2010 !

Fabiana Loureiro

Wat war dann esou lass dësen Summer ?Wei ?Schlecht Wierder, Langweil, Latz, keng zedinn…?Also dann hues du en definitiv net mat der Croix-Rouge de la Jeunesse verbruecht !

149 Moniteuren a Monitricen586 Kanner an Jugendlech18 verschidden VakanzenMéi ewéi 12000 km mam Bus an Zuch

An de Bierger, am Mier an um Sand, um Segelschëff, am Süden, méi nërdlech, an souguer exklusiv live bei enger berühmter Veloscourse…

Zu Bierg, Fiesch, La Panne, Groningen, Ijsselmeer, Hyères, an dest Joer souguer um tour de France, hunn mer eis mat Kanner a Jugendlechen ameséiert. Moniteuren wei Participanten hunn zesummegeschafft (heiansdo vläicht och géinteneen, mä dat gehéiert wuel och dozou !), erfarungen gesammelt, eppes iwwert sech selwer geleiert, vläicht och mol méi haart Momenter zesummen duerchgestanen…Kuerz, eng opreegend, aktiv, eenzegaarteg schéin Vakanz erlieft !

ech selwer hunn mech gefreet fir an d’Kolonie mam Laure, ons Responsabel, op La Panne 2 matgeholl ze ginn. et wa eng super Zäit… wei ëmmer an den Kolonien ! An, wei ech jo muss zouginn, wa ech dono och nees frou fir rëm heem… net well et schrecklech wa, mä well ech no enger Woch Kolonie leider och eng Woch Schlof brauch. Mee ech brauch villen jo neicht ze zielen, déi meescht vun mengen Lieser hei wëssen jo wuel wei dat leeft…

Mee wat soen déi, déi sech fierteicht getraut hunn, sech op d’Abenteuer Moniteur anzeloossen ?

D’Carole wa dësen Summer déi eichten Kéier mat, op Bierg 4, an säin Resumé klengt ongeféier esou : « Also, ech bereien et definitiv net matgaangen zesin an d’Kolonie, och wann et mat Momenter wierklech ustrengend war, wéinst akutem Schlofmangel an dem vollem Programm den ganzen Dach iwwer. Mee wann een dann gesäit wei een d’Kanner schon mat klenge Spiller oder sou glécklech mécht, ass een einfach direkt mat glécklech ! »

« Majo ech war mat op Bierg 3. An et war wierklech mega flott, mir waren eng deck gutt equipe, jiddereen huet jidderengem gehollef, an d’Kanner hunn sech mega gutt ameséiert. Mir hunn bal all tréinen an den Aen gehat wei d’Kanner den leschten Dag heem gaangen sinn. Dat war Wahnsinn. ech erënneren mech haut nach oft un dës, meng alleréischt Kolonie, déi ech fir ëmmer wäert an mengem Häerzen halen. Och haut, no e puer Méint, vermessen ech d’Kanner ëmmer nach ! » erklärt mer d’Joelle.

Wahnsinn ass wuel dat richtegt Wuert ! ech mengen, méi muss net gesot ginn hei zou ! An ween nach net mat war, weess net wat en verpasst…

Den nächsten Summer kennt bestëmmt ! CW

KOlOnIEn SuMMER 2011

Och dest Joer hun mier nees en vollgefëllten Programm mat Summerkolonien. Hei exclusiv fir iech d’avant-première vun onsem Programm 2011

Destinations Datum

Groningen 1 23.07 > 05.08Groningen 2 05.08 > 19.08

Mam Segelboot 16.07 > 29.07

Bierg 1 18.07 > 25.07Bierg 2 27.07 > 07.08Bierg 3 09.08 > 16.08Bierg 4 18.08 > 25.08

La Panne 1 16.07 > 29.07La Panne 2 29.07 > 05.08La Panne 3 05.08 > 18.08La Panne 4 18.08 > 31.08La Panne 5 01.09 > 08.09

Fiesch (CH) : Adventure 18.07 > 25.07Fiesch 1 25.07 > 06.08Fiesch 2 05.08 > 14.08

France Canet Plage 08.08 > 23.08France Canet Plage 22.08 > 05.09

tour de France : Live 13.07 > 25.07

beim buddelen

Hallo, hei sinn mir !!!

Go out of my way !

Topmodels um Strand

Page 3: Read & talk about nr17 2010

Saït 003

AcTIOn DE FIn D’AnnéE, EEn cADEAu FIR jIDDEREEn

AllES AnEScHT, An AWER nAcH D’SElWEcHT…

AGEnDA

luDOTHéIK

eng grouss Aktioun vum Jugend Rout Kräiz, Samschdes 04 Dezember an da Staat beim rouden Pëtz.

Iwwert d‘Assistante sociale vun der Croix-Rouge oder Ligue medico-sociale hun mir Familljen gesicht déi hiren Kanner keng Cadeauen fir Chrëschtdag kennen maachen. Déi Kanner konnten sech eng Spillsaach aus engem vun ons selwer zesummengestallten Katalog eraussichen, an sou konnt d‘Aktioun gestart ginn.

Grouss Kreschtbullen goufen op een nach mei groussen Bam gehaangen. An deenen Kreschtbullen war allkéiers eng Foto vum

Cadeau fir een Kand. Déi Kreschtbullen konnten d‘Passanten dann kafen fir e puer Kanner glécklech ze maachen. et sinn ëm di 60 Kaddoen verkaf ginn, an eis huet et gefreet dass d‘Passanten sech fir sou eng gutt Saach agesat hunn.

Soss hate mer ëmmer Moniteure, Aide-Animateure an Animateure… neierdengs huet alles een neien Numm. Haut schwätze mer vun Animateur C, Aide-Animateur B, Brevet A an Brevet D…

Mee dat, wat een muss maachen fir déi nei titelen ze ergatteren, bleift ëmmer nach dat selwecht J. Hei di nei Bezeechnungen fir all nei an aal Formatiounen dei et gett :

Aide-Animateur Brevet A :Dëst ass een Brevet fir an den Vakanzenaktivitéiten an den Gemengen (z.B. an enger Maison Relais) ze schaffen. Ganz wichteg : dës Formatioun gëtt vun der Croix-Rouge net ugebueden an huet keen Zesummenhang mat dem Benevolat deen een an de Kolonien maachen kann.Hei muss een 50 Stonnen Formatioun maachen.

Aide-Animateur Brevet B :Dëst ass eisen aalen Aide-Animateur Brevet. Fir deen ze kreien musst der wei bis elo och 1 Kenneléierweekend, 2 Formatiounsweekender, 1 Formatiounswoch an eng Kolonie vun mindestens 10 Deeg maachen. Dest sinn am ganzen 150 Stonnen.

Animateur Brevet C :Dësen Brevet entsprécht dem fréieren Brevet Animateur. Och dofir muss een nach ëmmer schon am Besetz vun engem Brevet B sinn, 3 Formatiounsweekender, 1 Formatiounswoch an eng Kolonie vun mindestens 10 Deeg maachen. Brevet B + nach emol 150 Stonnen Formatioun = 300 Stonnen.

Animateur Brevet D :Dëse Brevet kéint een maachen, wann een sech an engem bestëmmten Beräich als Animateur spezialiséieren well (z.B. Hochseilgarten, Seegelen, Graffiti, etc.). Allerdéngs gëtt och dësen Brevet net vun der Croix-Rouge ugebueden.Brevet C + 25 Stonnen = 325 Stonnen.

Animateur Brevet E :Dëst ass een Brevet fir als Responsable an enger Kolonie matzegoen. Dës Formatioun fënnt bei der Croix-Rouge intern statt, ouni dass et als eng offiziell Formatioun ugekënnegt gëtt. Brevet C + 25 Stonnen = 325 Stonnen.

Animateur Brevet F :Och dës Formatioun fënnt intern statt. et gëtt een theoreteschen Deel deen gemeinsam mat allen Organisatiounen déi Animateuren beschäftegen ofgehalen. Dëst sinn 8 Stonnen an ginn vum SNJ organiséiert. Doduerch kann een zu engëm « Formateur » ginn, also Formatiounen fir déi aner Brevet’en leeden. Brevet C + 25 Stonnen = 325 Stonnen.Wien sech gären duerch Gesetzestexter wullt kann dat ganzt och noliesen am « Règlement grand-ducal du 9 janvier 2009 sur la jeunesse ». ech géif dann awer nach waarden bis den Amendement zu deem Gesetz Public gemaacht gëtt ! ;-)

um Beemchen houngen awer och nach aner 90 verschidden Dekoratiounsartikelen dei un d‘Passanten verkaf goufen. Dës Deko-artikelen sinn aus Recyclingsmaterial vun enger Précoce aus esch/uelzecht gemaach ginn (Merci Vanessa).

Mat dem erléis vun den Dekoratiounsartikelen wäerten mir di grouss Aktioun vun der Croix-Rouge « unissons-nous contre la dépendance et l’isolement » ënnerstëtzen.

Schon ewéi dat lescht Joer, wou mir dës Aktioun als éischt lancéiert haten, woren mir deck erstaunt wei gären d’Läit fir dës Aktioun gespent hunn.

Bei sou enger Aktioun ass natierlech och fill Hëllef gefrot, an do hunn 10 jonk Läit vum Comité Jugend Roud Kräiz an Responsabel matgehollef. Mer hoffen dass och an deenen nächsten Joren den Kanner sou eng Freed kann gemaach ginn.

Nach emol op dëser Plaatz en decken Merci un all Läit di ons bei dëser Aktioun gehollef hunn. An en besonneschen Merci deenen Läit die den Kanner en Cadeau offréiert hunn !LZ

ënnert enger Ludothéik versteet een eng Platz mat enger geuerdneter an benotzbarer Sammlung vun Spiller. « Ludo » kennt vum latäineschen Wuert « ludus » an heescht Spill. esou wei eng Bibliothéik oder eng Mediathéik fonctionnéiert d’Ludothéik och nom selwechten Prinzip. Den Besucher huet hei d’Méiglechkeet Brietspiller op der Platz ze spillen an och ënnert gewëssen Konditiounen auszeléinen.

D’Gesellschaftsspill ass eng gutt Alternativ zu dem oniwwersiichtlechen Angebot vun neien Medien déi eis am Alldag ëmginn. D’Idee vun der Gesellschaft am Sënn vun dem gemeinsamen Spillen steet hei am Mëttelpunkt. Sech gemeinsam ronderëm een Dësch setzen, d’Reegelen vum Spill ze liesen, se ze erklären an dann ze spillen fördert den Dialog zwëschen den Leit. esou wei bei der Musik ginn verschidden Persounen esou weit dass se soen d’Spill wier eng Sprooch fir sech, an där all Mënsch kann mat deem aneren kommunizéieren.

Ween Loscht huet Abléck an d’Welt vun den Gesellschaftsspiller ze kréien kann am Jugendhaus Mäertert/Waasserbëlleg laanscht kommen. Hei besteet am Moment schon eng Kollektioun vun Spiller déi an den nächsten Méint wäert wuessen. uspriechpartner ass den Jean-Claude Pellin, educateur aus dem Jugendhaus zu Waasserbëlleg, deen dësen Projet an d’Liewen rifft. Fir weider Informatiounen kennt dier op den 26740424 uruffen oder direkt bei eis am Jugendhaus laanschtkommen.

D’Adress ass 25, Grand-Rue L-6630 Waasserbëlleg.D’Öffnungszäiten fannt dier um Site vun der Croix-Rouge ënnert der Rubrik Jeunesse.JCP

An well mer schon bei de Forma-tiounen sinn, hei puer Saachen déi der net verpassen dierft J !

> Kombiweekend :Dëse Weekend dré-int sech ëm alles wat an Kolonien gebraucht gëtt, awer an aneren themenweek-ender oft ze ku-erz kennt. Sou schwätze mer an dësem nei-en Weekend iwwer themen wei Sécher-heet, Responsa-bilitéit, Sexualitéit, Hygiène de vie oder Organisatioun).

> De Musekstage : Dëst ass eng Fortsetzung vun der schon bekannten « Musek an

mei… » Formatioun. Do kennt dir praktesch erliewen, wei d’thema Musek als Aktivitéit fir Kanner presentéiert kann ginn.

> Kleng Spiller an Grouss Spiller : Dat sinn 2 nei Formatiounen déi sech do-mat beschäftegen wei een entweder kleng Momenter ouni Beschäftegung iwwerbrécken kann, oder wei een mei laang Zäitspanen am Dag mat flotten Aktivitéiten fëllen kann. Dëst alles natierlech fir all Altersklassen vu Kanner.

> Hiewdaag : Dës ass een Dag deen zu eiser « een Kand wei een anert » For-matioun passt. Well bei eisen Kolonien och ëmmer Plaatz ass fir Kanner mat en-ger Behënnerung, ass et och wichteg ze wëssen, wei een déi Kanner z.B aus engem Rollstull hiewen kann, ouni hinnen, awer och sech selwer,wei zedoen.PS

25.12.2010 – 02.01.2011 X-Mas zu FieschDen 25ten Dezember, owes um 22.00 Auer geet et lass. D’Kanner an d’equipe vum Christophe hunn d’Wallissen am Bus verstaut.Den « Rosentirli » an den Aletsch waarden schon op Iech !Bonne Chance an eng schéin Vakanz

26.12.2010 – 01.01.2011 X-Mas party zu biergOch dëst Joer erëm wäerten an onsem Vakanzenhaus zu Bierg 40 Kanner am Alter vun 5 – 11 Joer zesummen mat hiren Monitricen an Moniteuren sech gutt op hier Silvesterparty virbereeden !Mier wënschen och Iech en gudden Rutsch an daat neit Joer

01.01.2011 neijoersdaagRAS

08.01 – 09.01.2011 « Musek an mei… »Den Brave kann et net loossen, an dat 3t Joer hannerteneen léisst hien Bierg erbiewen !Loosst Iech maträissen an d’Welt vun der Musek, dësen Stage wäert dier sou séier net vergiessen

14.01. – 16.01.2011 Salon du TourismeWei schon 2010 huet den « Service vacances » en Stand op der Vakanzefoire. Mier sinn di 3 Deeg präsent an wäerten ons iwwert all Besuch an Hëllef häerzlech freeën !

11.06.2011 InG Europe Marathon luxembourget sinn nach laang Méint bis den Juni, mä d’Virbereedungen op den ING Marathon lafen schon op vollen touren. Falls du dech wëlls informéieren iwwert di eenzel Méiglechkeeten onst team ze ënnerstëtzen, dann kanns du dech bei ons per e-Mail mellen :[email protected]

Onsen Stand mat Krëschtbeemchen

En gudden waarmen Kaffee soulang denGlühwain nach net brennt !

Page 4: Read & talk about nr17 2010

Saït 004

Dir kennt d’Regelen alleguer : Mir fueren mam Bus an d’Kolonie, mir maachen eng Paus op enger Raststätt an mir fueren rëm weider. Während eiser Paus gin mer mat den Kanner op d’toilette an iessen eisen Picknick. Mir klammen rëm all an den Bus an, lo kënnt et, mir zielen d’Kanner all no, fir dass mer och keen vergiessen.

Souwäit sou gutt. Och d’Moniteuren aus enger Kolonie, déi demols, op La Panne gefuer waren hunn sech strikt un déi Regelen gehal. et ass schon Joeren laang hier an nëmmen déi ganz al kennen sech nach dorunner erënneren. Kuerz hanner Bréissel war déi obligatoresch Paus an et ass och alles no Plang gelaf. et waren virun der Paus 43 Kanner am Bus, an och no der Paus waren 43 Kanner am Bus. Allerdings waren virun der Paus 9 Moniteuren am Bus. No der Paus woren et der nëmmen nach 8 Moniteuren…

Wat war geschitt ? en gewëssen J.M. aus e. (Numm gouf vun der Redaktioun net ganz ausgeschriwwen) huet gefeelt, allerdings haten se dat am Bus och net direkt matkritt. Den

J.M. war nach op der Bensinsstatioun. Hien huet nach mussen e puer Geschäfter erleedegen, an wie et sou komm ass, natierlech net mat kritt dass den Depart ugekënnegt gouf !

Wéi den J.M. rëm bei den Bus wollt goen huet en mat Schrecken festgestallt, dass keen Bus méi do war. Bis hien dunn iwwerall kucken gelaf ass op sech di aner net en Witz mat him géifen erlaben, sech 3 x selwer gepëtzt hat fir wakereg zeginn an sech senger Situatioun voll bewosst gouf datt hien elo ganz alleng, iergendwou an der Belge bei den Flamänner wier, woren schon etlech Minutten vergaangen. An senger Verzweiwelung huet den J.M. probéiert engem Flamänner ze erklären datt hien en Handy brauch, (Randbemierkung vun der Redaktioun : Deemools haten mir nach net alleguerten en Handy, an och Apple haten nach keng Gedanken un en I-Phone verschwendt), waren schon erëm gutt 10 Minutten vergaangen.

Lange Rede, kurzer Sinn : Den Bus huet d’Kéier gemaach an ass den J.M. rem sichen gefuer. GD

ET WOR EMOl... SInn SE All AM buS ?

pInnWAnD

IMpRESSuM

Fir déi Sportlech :

Och dëst Joer sinn mer rëm grouss am Lafféiwer, och wann nach net vill vun eis am Moment an beschter Verfassung sinn. Mir sinn awer rëm begeeschtert fir den 11. Juni 2011 um ING-Marathon eng gutt Figur ofzeginn. Dëst Joer ginn eis Aktivitéiten awer ausgeweiht : Nieft der sportlecher Säit (teamrun, Semi, Marathon) hunn mir och en Verkafsstand um Glacis. Donieft sinn mir och nach fir d’Verpflegung fir d’Leefer um Rondpoint Robert Schumann zoustänneg. Den Datum kënnt dir iech schon mol usträichen an ufänken ze trainéieren, sief et fir ze lafen oder Leefer ze verpflegen. Informatiounen kommen an den nächsten Wochen…

Fir déi Musikalesch :

en absoluten Must. ënnert der Regie vun eisen éisterräicheschen Kollegen, gouf en tophit kreéiert. topstars wéi den udo Lindenberg, Christina Stürmer, Lou Bega, Paul Young, Bobby Mc Ferrin, the Bosshoss, avm., hunn den Hit « the Greatest Stories are never told… » produzéiert, den den 3. Dezember virgestallt gouf. Infos op www.greatest.stories.com. Facebook, Youtube, Itunes uklicken an ranlauschteren… Fir Statistiker :

2010 waren 753 Kanner mat eis an d’Vakanz an goufen vun 207 Monitricen an Moniteuren begleet. Vun deenen 207 Moniteuren hunn dëst Joer 27 den Brevet Aide-Animateur kritt an 10 den Brevet Animateur. 267 Leit waren op 18 Formatiounen ageschriwwen an um tour de France huet eis Kolonie 3575 km am Bus zeréckgeluecht fir duerno eng 2. Platz kënnen ze féieren. Nächst Joer ginn mir vun enger Hausse vun 11,57 % aus; vill Spaass beim rechnen… Fir den Rapport :

D’Cathia Loor an den Nuno Dos Santos sin d’Vertrieder vum Rouden Kräiz an der « Commission supérieure de la Jeunesse ». All jugendpolitësch Froen gin an dem Gremium diskutéiert an doropshin den entscheeder Avis’en proposéiert. An enger nächster editioun kommen mir méi genau op hier tâche zréck. Fir an d’Geschichtsbicher :

D’Gewënner vun der diesjähreger Rutsch-eM heeschen Gierenz Pit an ettinger Leslie. Félicitatiounen, weider sou… léif campingsfrënn :

ech sinn stolz iech kënnen matzedeelen, dass et eis gelongen ass eng Majoritéit am Comité ze fannen fir eisen Hobbysport rem kënnen auszeliewen. No haarden Diskussiounen an no engem Finanzplan den mer bis op dat Lescht verteidegt hunn fueren mer dëst Joer rëm no aller traditioun op den Camping an d’Vakanz. Lo ass et rëm un eis : Material virbereeden, Material pflegen, Camping op- an ofriichten. Schwéier, mä flott Aarbecht steet virun der Dier. Fräiwëlleg vir, mellt iech op [email protected]. Mir freeën eis schon… WWM-Wëssen

- Australien exportéiert Kaméilen an Sand an Saudi- Arabien. - 39 Popsten waren bestued. - et ginn méi Barbien wéi Ken’s. - Den duerchschnëttlechen Mënsch ësst an sengem Liewen 500 g Insekten.

- Den éischten toaster koum 1909 an Amerika op den Maart. - Glas brécht mat enger Vitesse vun 1500 m / Sekonn.

Read and talk About ass en Magazin vum Jugendroutkräiz10, Cité Henri Dunant L-8095 Bertrange / tel : 31 98 74 482 / e-mail : [email protected]é de rédaction : Jean-Claude Pellin (JCP), Laura Zieser (LZ), Claude Martini (CM), Béatrice Weber (BW), Patrycja Sobolewska (PS), Claire Weidert (CW), Romain Peters (RPI), Gilles Dhamen (GD) Responsabel : Comité JugendroutkräizLayout : Alternatives CommunicationImpression : Imprimerie FaberPhotos w: Data CR, Alternatives

La Panne 4 2010 – Mir loossen keen zeréck !

Sproch vum Mount :

I wanted to go out and change

the world, but I couldn’t f nd a

babysitter.

Emma Goldman

i Zuel vum Mount : 37Breveten Aide-Animateur an Animateur sinn dëst Joer f d’Croix-Rouge ausgedeelt ginn.

ir