12
CSV. De séchere Wee. Nei Chancen mat der CSV. CSV. De séchere Wee. Eis Kandidaten. Fir d‘Gemeng Beetebuerg. www.bettembourg.csv.lu

Eis Kandidaten

Embed Size (px)

DESCRIPTION

Kandidaten presenteieren sech

Citation preview

Page 1: Eis Kandidaten

CSV. De séchere Wee.

Nei Chancen mat der CSV.

CSV. De séchere Wee.

Eis Kandidaten.Fir d‘Gemeng Beetebuerg.

www.bettembourg.csv.lu

Page 2: Eis Kandidaten

2 CSV NEI CHANCEN MAT DER CSV

Nei Chancen mat der CSV.

De Laurent Zeimet ass Spëtzekandidat vun der CSV Gemeng Beetebuerg fir d’Wahlen vum 9. Oktober 2011. De Laurent (36) ass mam Diane Stefanutti bestuet a Papp vum Laura. Zanter 2004 ass hie Member vum Gemengerot an zanter 2005 Spriecher vun der CSV-Fraktioun. Vu Formatioun Jurist schreift de Laurent haut fir déi politesch Säite vum „Luxemburger Wort“ an ass och als Chronist am „RTL-Presseclub“ bekannt. De Laurent ass President vun der Beetebuerger Musek a vum Parverband.

D’CSV hat no de Wahlen 2005 eng „konstruktiv a kritesch“ Oppositioun am Gemengerot versprach. Dir hutt jo awer dachs géint Projete vun der Majoritéit gestëmmt.

Mir hunn awer och vill konstruktiv Virschléi gemaach. Ech erënneren un d’Stroumversuergung fir déi kommunal Infrastrukture mat gréngem Stroum. Dat geet op eng d’CSV-Motioun zréck. Oder d’Aféieren vun deene bloen Valorlux-Tuten. Do hun eis Leit an der Ëmweltkommissioun a mir am Gemengerot endlech d’Majoritéit iwwerzeegt kritt, dat och eis Gemeng sollt bei deem System matmaachen. Da wär nach déi nei Bréck an der Lentz-Strooss ze nennen. Do war et d’CSV déi sech dofir agesat huet, dat déi Bréck soll zweespureg geplangt ginn, fir am Eeschtfall kënne fir de Verkéier opgemaach ze ginn.

Mä d’CSV war géint den Ausbau vun der Reebouschoul a géint de Bau vum Pavillon zu Näerzeng …

Mir hunn awer och do kloer eng Alternative proposéiert. Mir sinn der Meenung, dat mir bei de Schoulinfrastrukuren méi an d’Zukunft musse plangen. Mir brauchen net nëmme méi Schoulraum, mä och méi Plaz fir Kannerbetreiung. Dofir ware mir fir en Neibau, wou béides kéint vun Ufank un verbonne ginn. Duerch eng nei Schoul kréie mir Plaz fir Betreiung a parascolaire Aktivitéiten an de bestoende Gebaier.

Wat Näerzeng betrëfft, do fanne mir, dat 2 Milliounen Euro e stolze Montant fir e provisoresche Pavillon sinn. Mir hätte léiwer gehat och do definitiv a nohalteg ze plangen.

War d’CSV géint e Park um Krakelshaff?

Nee. Dat stëmmt net. D’CSV ass fir e Park um Krakelshaff. D’Fro ass: Wéi e Park a nëmmen e Park? Dat Areal ass eng vun de leschte grousse Flächen zu Beetebuerg. Wa mir wëlle manner Verkéier an eiser Uertschaft hunn, musse mir eis anescht organiséieren, anescht plangen. Da musse mir Wunnraum an Infrastrukturen esou plangen, dat d’Leit herno kuerz Weeër hunn. Den Areal Krakelshaff ass no bei der Gare an doduerch gutt un den ëffentlechen Transport ugeschloss. Et geet net drëms dat Areal zouzebëtonéieren, mä eng nei Liewensqualitéit ze schafen.

Page 3: Eis Kandidaten

CSV. De séchere Wee.

3

Muss d’Gemeng Beetebuerg dann onbedéngt nach wuessen?

Gemeng wiisst sou oder sou. Mä et geet drëm dee Wuesstem clever ze steieren. Mir musse jo net déi selwecht Feeler ëmmer erëm maachen. Nach emol, wa mir manner Verkéier wëllen, kenne mir net weider gréng Wisen zoubauen, wou d’Awunner herno streide musse, fir e Bus ze kréien.

Dofir gesäit d’CSV eng Bebauung vun Hunchereng an Obëler kritesch?

Jo. Mir soen net dat zu Hënchereng an Obëler ni méi dierf gebaut ginn. Mä dat muss awer op eng verstänneg Art a Weis geschéien. Et kann op alle Fall net esou sinn, dat d’Bebauung vun eiser Gemeng vun den Interessien vun eenzelne Promoteuren diktéiert gëtt. Dat ass inakzeptabel.

D’LSAP schreift, jonk Leit kéinten opootmen, well et géif nees gebaut ginn an der Gemeng.

Jonk Leit kënnen opootmen, wann d’CSV am Oktober d’Wahle gewënnt, well da gëtt am éischte Budget déi onsozial Bautaxe vu 6000 Euro erëm ofgeschaaft, déi se der LSAP ze verdanken hunn.

D’CSV wëll manner Verkéier, mä alleng kann d’Gemeng dach net vill maachen?

D’Gemeng kann awer eppes maachen. Fir nach emol un déi konstruktiv Oppositiounsaarbecht z’erënneren: Et war d’CSV, déi sech am Gemengerot als éischt kloer fir Tempo 30 ausgeschwat huet. Dat ass fir d’éischt eng Mesure fir méi Verkéierssécherheet a sécher Schoulweeër. Et ass d’Viraussetzung fir dat mir zum Beispill kennen e Pedibus generaliséieren, also d’Kanner zu Fouss mat Begleetpersoun an d’Schoule bréngen.

De Staat muss awer och hëllefen.

D’Gemeng muss natierlech och fir hir Interessien streiden. Wann de Staat well e Stadion mat Mega-Shoppingzenter zu Léiweng autoriséieren, wann um WSA-Site soll e Logistikzenter entstoen, deen all Dag vun dausende Camionen ugesteiert gëtt, dann ass de Staat den Awunner och eng Äntwert schëlleg, wéi dëse Verkéier-Gau soll geréiert ginn. Mir vermëssen hei den Asaz vum aktuelle Schäfferot. Haut fueren schonns all Dag iwwer 16.000 Autoen duerch den Zentrum vu Beetebuerg. Wéi soll dat herno fonctionnéieren, wann Léiweng an de Logistikzenter realiséiert sinn? De Schäfferot mécht an eisen An de Feeler, eng Ëmgehungsstrooss vu Beetebuerg zum Tabu z’erklären. Wat Beetebuerg net freet, kritt Beetebuerg och net.

Wat ass d’Ziel vun der d’CSV den 9. Oktober?

Mir schaffen drun, dat d’CSV den 9. Oktober gestäerkt gëtt. Nëmmen mat enger staarker d’CSV sinn aner Weichestellungen méiglech. D’LSAP huet jo net alles falsch a schlecht gemaach. Mä no 24 Joer ass awer d’Loft eraus, wat eng natierlech Saach ass. No enger laanger absoluter Majoritéit riskéiert eng Partei net méi tëschent Partei a Gemeng ze trennen. Den LSAP-Schäfferot behëlt sech, wéi wann si alles géinge wëssen. Si décidéieren léiwer alleng wéi ze diskutéieren. De Kaméidi mat den Obëler Leit ass nëmmen ee Beispill. An de leschte Joer sinn vill Chance verpasst ginn, d’Kandidaten vun der CSV stinn fir nei Chancen.

Hu Dir Froen un de Laurent Zeimet? * [email protected]

)621 213 660

Page 4: Eis Kandidaten

4 CSV EIS KANDIDATEN FIR BEETEBUERG

Den Anibal Da Cruz (38) wunnt zanter 1977 an der Gemeng Beetebuerg. Hien ass bestuet mam Sandra Pedroso a Papp vum Dean, Kim a Sven. D’Famill wunnt haut an der Rue Kennedy zu Beetebuerg.

„ Meng Eltere koumen aus dem Portugal op Lëtzebuerg. Ech hu mech als Kand missen dru ginn, fir d’Sproch ze léieren. Dëst Land huet menger Famill nei Chance gebueden. Haut

sinn ech Lëtzebuerger mat portugiesesche Wuerzelen an ech setze mech gäre fir nei Chancë fir meng Heemecht an.

No enger Meeschterprüfung fir Waasser an Energie huet den Anibal en eegene Sanitär-Betrib gegrënnt. Duerch seng Initiative konnten 8 Aarbechtsplaze geschaf ginn.

Den Anibal engagéiert sech fir eng lieweg Gemeng am Handwierker- a Geschäftsverband an am Syndicat d’Initiative.

„ Ech wëll mech dofir asetzen, datt d’Veräinsliewen nees gestäerkt gëtt. Emmer manner Leit si bereet sech an de Veräiner z’engagéieren. Mir mussen d’Bénévolat net nëmme luewe mä och ënnerstëtzen.

Den Anibal ass President vum Syndicat d’Initiative an aktive Member vum Handwierker- a Geschäftsverband.

„ Mir mussen de Kär vun eisen Uertschafte lieweg an attraktiv halen. Dofir brauche mir Commerce a Restauratioun. E Megashoppingzenter zu Léiweng riskéiert eis Uertschaften ausstierwen ze loossen.

Kontakt: )621 319 642 * [email protected]

D‘Nadine Demuth (29) wunnt zanter 2007 an der Gemeng, engagéiert sech awer schonns zanter 12 Joer am Zenter vun de Beetebuerger Rettungsdéngschter, dem Cibett.

„ Ech si gäre fir aner Leit do. Dofir hunn ech mech fréi am Zenter engagéiert. Am Asaz erlieft ee vill schwéier Momenter, déi manner schéi Säite vum Liewen. Mä et ass awer en immenst Gefill anere Leit an Nout kennen ze hëllefen.

D’Nadine ass mam Sven Weber bestuet a Mamm vum Philippe, si wunnen zesummen an der Diddelengerstrooss. Nadine fäert net eng Hand mat unzepaken a seng Meenung ze soen.

„ Ech si Mamm, bestuet, schafen an engagéiere mech. Sécher ass dat och eng organisatoresch Erausfuerderung. Mä ech ka mir dat och net anescht virstellen. Als Eltere wësse mir wéi wichteg et ass, Familljen- a Beruffsliewen ënner een Hutt ze kréien.

Am Beruff këmmert Nadine sech als Aide-soignante bei „Hëllef Doheem“ ëm eeler Matbierger.

„ Ech si gär fir déi eeler Leit do. Si ginn engem vill erëm. Ech gesinn awer och dat nach munches ka verbessert ginn, fir dat eeler Leit weider kennen um Gemengeliewen deelhuelen. Et ass traureg wann eeler Leit sech ganz zréckzéien an alleng sinn.

A senger Fräizäit geet d’Nadine am léifste mat senger Famill a mam Mupp Dora iwwer den Äppelbierg spadséieren. En plus ass hat eng talentéiert Hobby-Fotografin.

Kontakt: ) 661 499 533 * [email protected]

Page 5: Eis Kandidaten

CSV. De séchere Wee.

5

De Roland Disiviscour (55) ass mam Marion Chiarotto bestuet, zesumme mat hirer Duechter Jenna wunne si zanter 1997 zu Näerzeng an der Schoulstrooss. De Rol ass geléierten Zahntechniker, no enger Weiderbildung an der Chimie schafft hien haut beim Waassersyndikat Sebes.

„ Eist Waasser ass eng liewenswichteg Ressource. Mir mussen d’Qualitéit vum Waasser schützen. Mir mussen och eis Versuergungsnetzer stänneg an der Rei halen. Eist

Waasser muss natierlech och e bezuelbare Präis behalen. Dofir däerfen d’Käschten net explodéieren.

Bekannt am ganze Land ass de Roland awer duerch säin Engagement als Spriecher vum Weiserot vun den Rettungsdéngschter. Hien setzt sech fir eng Reform vun der éischter Hëllef an. De Roland huet och eng Formatioun als Sécherheetsdelegéierten bei der Fonction publique.

„ Ech well mech fir méi Sécherheet asetzen. Et geet net drëm Panik ze maachen, mä sech sécher fillen ass e Stéck Liewensqualitéit. E Grupp vu Jugendlechen ass awer nach laang keen Sécherheetsproblem. Jonker lungere mol ebe gär. Wat sollen se och soss vill maachen. Besonnesch op eisen Dierfer gëtt net vill fir si gebueden.

De Roland ass och Chef-Taucher vun de Lëtzebuerger Rettungsdéngschter. Mä hien taucht awer net nëmmen am Noutfall. Tauchen ass seng Leidenschaft, déi hien och

gären un anerer a Cours’en weidergëtt.

„ Beim Tauchen kann een en aneren Deel vun eiser Welt entdecken. Tauchen erfuerdert Konzentratioun an Equipegeescht … bal wéi Politik.

Kontakt: ) 621 148 490 * [email protected]

D’Christine Doerner (58) ass vu Beruff Notaire. All Dag ass d’Christine mat Problemer a Suerge vu senge Matbierger konfrontéiert.

„ Ech soe gär, datt ech duerch mäi Beruff d’Leit vun „der Wiege bis zur Bahre“ begleeden. Oft a gléckleche Momenter awer och dacks an traurege Stonnen. Dat alles mécht d’Liewen aus. Déi Erfahrunge si mir natierlech och an der Politik ganz hëllefräich.

D’Christine ass zanter 2000 am Beetebuerger Gemengerot an zanter 2004 Deputéiert an der Chamber. D’Christine ass Presidentin vun der juristescher Kommissioun a schafft ënner anerem och un der Reform vum Scheedungsgesetz.

„ Mir mussen d’Regele vun eisem Zesummeliewen de neie Realitéiten upassen. Do stelle sech natierlech eng ganz Rei vu kniwwelege juristesche Froen, déi een gutt muss bedenke, fir et net méi schlecht wei gutt ze maachen.

Am Gemengerot hëlt d’Christine regelméisseg zu Froe vum Zesummeliewen an der Chancëgerechtegkeet Stellung.

„ Zesummeliewen an Integratioun kann een net dekretéieren. Mir musse vill Acteuren – virun allem och eis Veräiner – abannen, fir dat mir aus eiser flotter Diversitéit eng lieweg Unitéit maachen.

D’Christine war Presidentin vun de Chrëschtlech-Soziale Fraen an dem Conseil national des femmes. Als Konsul vun Norwegen spiert hat sech dësem skandinavesche Land enk verbonnen an hëlleft déi norwegesch Kultur méi bekannt ze maachen.

Kontakt: ) 513215-1 * [email protected]

Page 6: Eis Kandidaten

6 CSV EIS KANDIDATEN FIR BEETEBUERG

Den Alain Gillet (36) wunnt mat senger Fra Maria Dantas a sengen zwee Bouwen Cyril a Raphaël an der Rue Baclesse zu Beetebuerg. Den Alain ass e Beetebuerger Jong. No 7 Joer an der Cactus-Metzlerei huet hien eng Weiderbildung gemat a schafft haut beim Enregistrement, wou hien TVA-Deklaratioune kontrolléiert. Niewent Famill a Beruff engagéiert den Alain sech op ville Plazen.

„ Ech ginn zou, bei mir geet et heiansdo méi chaotesch iwwert d’Bühn, mä Engagement gehéiert zu mengem Liewen.

Als Papp huet hie virun e puer Joer d’Initiativ geholl, fir d’Elterevereenegung nei ze lancéieren an ass an der Reebou-Schoul zum Elterevertrieder gewielt ginn.

„ Als Eltere muss ee sech fir de Parcours vu senge Kanner an der Schoul interesséieren. Dat neit Schoulgesetz erméiglecht eng Participatioun vun den Elteren. Natierlech ass dat am Ufank alles ongewinnt an nei. Mä ech muss soen, dat d’Léierpersonal sech vill Méi gëtt, fir eis mat anzebannen.

Den Alain hëlleft och bei der Gestioun vun der Kannergarderie Stärenhaus zu Beetebuerg.

„ Eng flexibel Kannerbetreiung ass wichteg, fir Elteresinn a Beruff kënnen ze verbannen. Ech setze mech fir eng kannerfrëndlech Gemeng an, wou och genuch Plaz ass, fir deenen neie pädagogeschen Erausfuerderunge gerecht ze ginn. Dofir brauche mir modern Schoulen.

Den Alain ass och an der Medie-Kommissioun vun der Gemeng, wou hien als fréiere Vizepresident vum Radio LRB a passionéierte Computerspiller säi Wëssen abrénge kann.

Kontakt: ) 621 299 415 * [email protected]

De Jeff Gross (36) wunnt mam Anne Schmit an der Lëtzebuergerstrooss. Hien ass zu Beetebuerg opgewuess an huet hei seng Kanner- a Jugendzäit verbruecht. No senger Ausbildung um IST, huet hien fir d’éischt bei AEG geschafft. Haut plangt de Jeff als Ingenieur d’Stroumversuergung bei der Eisebunn.

„ Eis Gemeng muss endlech eng kohärent Wunnengsbaupolitik bedreiwen. Amplaz wei d’LSAP de Leit 6000 Euro fir eng Baugenehmegung ze froen, setze mir eis fir bezuelbare Wunnraum an. Zum Beispill andeems d‘Gemeng gënschteg Bauland zur Verfügung stellt. Mir brauchen och eng nohalteg a kohärent Entwécklung vun eiser Gemeng, amplaz de Bauperimeter no de Wënsch vu Promoteuren festzeleeën.

A senger Fräizäit spillt de Jeff Clarinette an der Beetebuerger Musek.

„ An der Musek ass et wéi an der Politik. Nëmme mat ville Stëmmen déi zesummespille gëtt et eng Harmonie.

Hien engagéiert sech och an der Kulturkommissioun vun der Gemeng a beim lokale Radio LRB.

„ D’Gemeng soll de Kulturveräiner net mat Veranstaltunge Konkurrenz maachen, mä d’Manifestatioune vun de Veräiner finanziell an organisatoresch ënnerstëtzen. Natierlech wier och eng besser Koordinatioun a Kooperatioun sënnvoll.

De Jeff kacht gären awer nëmmen „streng no Rezept“.

„ Experimenter si gutt awer net am Kachdëppen. Do verloossen ech mech léiwer op d’Spezialisten. An der Politik ass et elo awer un der Zäit an eiser Gemeng neie Leit eng Chance ze ginn.

Kontakt: ) 621 774 935 * [email protected]

Page 7: Eis Kandidaten

CSV. De séchere Wee.

7

D’Christiane Hennico-Kaber (47) ass mam Roger Hennico bestuet, zesumme mat hire Kanner Manon, Jeff a Corinne wunne si an der Rue Michel Rodange zu Beetebuerg. Christiane huet 10 Joer bei der Dexia-Bil geschafft a sech duerno op d’Erzéiung vun de Kanner konzentréiert. Als jonk Mamm huet hat och an der Garderie vun de Jeunes Mamans Kanner betreit.

„ Ech si sou eng Art Familljemanager. Elo wou och meng jéngsten Duechter méi selbstänneg gëtt, wëll ech meng Erfahrungen an der Gemengepolitik abréngen. Ech war jo och eng ganz Zäit

eng beruffstäteg Mamm. Deemools war d’Offer u Kannerbetreiung nach méi iwwersiichtlech. Mä och haut bleift nach munches ze verbesseren. D’Famillje sollen e Choix hunn, wei se sech

organiséieren. Eltere musse sech déi néideg Zäit fir hir Kanner huelen.

Wou seng Kanner aktiv sinn, hëlleft d’Christiane. Hat ass am Komitee vum Turnveräin Le Réveil an ass sech och net ze schued fir an anere Veräiner eng Hand mat unzepaken.

„ D’Veräiner bidden de Kanner vill Méiglechkeeten. Do stécht natierlech och vill Aarbecht hannendrun, déi mécht sech net vun alleng. All déi sech fräiwëlleg

engagéieren an d’Liewen an eiser Gemeng spannend maachen, verdénge Respekt.

Zesumme mam Roger sengt d’Christiane an der Chorale Sängerfreed. Si deelen d’Léift zur Musek.

„ Ech sangen immens gär. Besonnesch och an enger Chorale. Do muss jiddereen seng Stëmm fir dat Ganzt abréngen. E bësse wéi an der Politik. Fir nach méi Schwong an eist Kulturliewen ze bréngen, wär e Kulturzenter net vu Muttwëll. Dat muss kee Prunkbau sinn, mä eng praktesch Infrastruktur, déi och de Veräiner d’Organisatioun méi liicht mécht.

Kontakt: ) 691 459 626 * [email protected]

De Luc Klonski (32) wunnt haut mat senger Partnerin Najlaa Mahboubi zu Beetebuerg, ass awer zu Fenneng opgewuess. No enger Ausbildung zum Assistant social huet de Luc Politik studéiert a schafft elo bei der Sécurité sociale.

„ Ech sinn zu Fenneng opgewuess a fille mech och nach ëmmer op den Dierfer doheem. Ech wëll mech dofir besonnesch fir d’Awunner vun Hënchereng, Fenneng an Näerzeng asetzen. D’LSAP wëll Hënchereng op 4000 Awunner wuesse loossen. Mir halen dat net fir dei richteg Optioun. Mir wëllen, dat eis Dierfer niewent Beetebuerg hiren eegene Charakter a Charme behalen. Mir sinn eng Gemeng awer net een Duerf.

De Luc ass President vun der Jugendkonferenz, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen.

„ Jonker interesséiere sech fir Politik, well si interesséiere sech fir hiert Liewen. Och an enger Gemeng mussen déi Jonk matschwätzen. Mir wëllen hiert Engagement ënnerstëtzen. A mir fuerderen och, dat si eng Hand mat upaken.

Als President vun der Jugendkonferenz ass de Luc vill an der Welt ënnerwee.

„ Nëmmen duerch Austausch kréie mir genuch Versteesdemech. Dat ass d’Viraussetzung fir e friddlecht Mateneen. Och an eiser Mëtt liewen haut vill Mënschen aus anere Länner an anere Kulturen. Den Austausch mat eise Partnergemengen awer och eist Engagement iwwer „Beetebuerg hëlleft“ weisen eng Bereetschaft, fir iwwer eis Grenzen ze kucken.

Kontakt: ) 621 323 712 * [email protected]

Page 8: Eis Kandidaten

8 CSV EIS KANDIDATEN FIR BEETEBUERG

D’Monique Merk-Lauterbour (50) wunnt mat sengem Mann Jean-Paul a senge Kanner Nora a Philippe zu Beetebuerg an der Kennedy-Strooss. D’Monique ass zu Beetebuerg op d’Welt komm an huet hei no sengem Medezinstudium zesumme mat sengem Mann eng Praxis fir Allgemengmedezin opgebaut.

„ Als Dokter muss ee virun allem de Mënschen nolauschteren. Ech mengen dat ass och an der Politik eng gutt Method. Nëmme wann een nolauschtert, kann een eraushéiere wou e Problem

ass, dee sollt behuewe ginn.

D’Monique engagéiert sech zanter sechs Joer an der Ëmweltkommissioun vun der Gemeng.

„ Wann ech eppes wëll erreechen, loossen ech net sou séier labber. Ech hu laang an der Emwëltkommissioun fir d’Valorlux-Tuten gestridden. Ech si frou, datt mir

d’Majoritéit um Enn sou wäit haten. Ech menge vill Bierger sinn haut frou, dat elo och eis Gemeng de Valorlux-Service huet. Den Asaz huet sech also gelount. Fir gutt ze liewe musse mir responsabel mat eiser Ëmwelt ëmgoen. Dofir wëll ech mech staark maachen.

Wei sech Geschichtsfrënn vun eiser Gemeng gegrënnt hunn, war d’Monique direkt bereet eng Hand mat unzepaken.

„ Ech interesséiere mech einfach fir Geschicht an och fir Ahnefuerschung. Dat ass esou en Dada. Nëmme wann ee weess wat war, kann ee verstoe wat ass a preparéiere wat soll kommen. Ech fannen et enorm wichteg, dat mir eis lokal Geschicht net vergiessen. Dat mir eis och un déi erënneren, deene mir vill verdanken.

Kontakt: ) 51 98 66 * [email protected]

D’Maddy Mulheims-Hinkel (62) wunnt mat sengem Mann Fritz zu Beetebuerg an der Rue Belair. D’Maddy war Léierin an huet an eiser Gemeng de Service fir Chancëgläichheet tëschent Mann a Fra opgebaut. Als éischt Fraebeoptragten am Land huet d’Maddy Pionéieraarbecht geleescht a konnt spéider seng Erfahrung beim Opbau vum Chancëgläichheetsministère als Regierungsrotin abréngen.

„ Eis Gemeng hat eng Virreiderroll an der Chancëgläichheet. Dat ass haut leider net méi esou. D’CSV setzt mat hirer Kandidatelëscht en Zeechen. Et ass un der Zäit e Schrëtt no Vir ze maachen. Chancëgläichheet ass net e Fraenthema, mä eng Fro wéi jiddereen, ob Mann oder Fra, Lëtzebuerger oder Auslänner, Jonk oder Al, eng Chance kritt sech an der Gesellschaft ze bedeelegen, well jidder Eenzelnen zielt.

D’Maddy war an de leschte Joren an der Finanzkommissioun vun der Gemeng an ass och zënter Januar Member vum Sozialbüro.

„ Haut brauch eng Gemeng e gutt duerchduerchtenen a laangfristege Finanzplang. Si huet sech och ëm déi Schwaach an der Gesellschaft ze këmmeren. D’Initiativ Cent Buttek an déi Leit, déi sech fräiwëlleg fir anerer asetzen, dorënner vill Eeler, verdénge grousse Respekt.

D’Maddy ass haut pensionéiert an zanter kuerzem Bomi vum Ian.

„ Ech sinn nach net laang pensionéiert a frësch Groussmamm – eng nei Liewenserfarung, déi immens Freed mécht. Ech fannen, datt eeler Leit mussen eng Stëmm am Gemengerot hunn. Si wëllen net nëmmen Zuschauer sinn. Hir Erfahrung ass vill wäert. Ech si bereet an der Gemeng matzeschaffen. Och wann ech méi wéi 60 Joer hunn, sinn ech nach e vollwäertege Bierger.

Kontakt: ) 51 46 06 * [email protected]

Page 9: Eis Kandidaten

CSV. De séchere Wee.

9

De Jean-Jacques Schroeder (32) wunnt mat senger Fra Caroline an senger klenger Duechter Lena zu Beetebuerg an der Sigfridsstrooss. Hien ass Staatsbeamte bei der Vétérinairesinspectioun. Zanter 2009 ass de Jean-Jacques Member vum Gemengerot a vun der Finanzkommissioun.

„ D’Demokratieverständnis vun der aktueller LSAP-Majoritéit ass ëmmer nees erstaunlech. Si verwiesselen Dialog dacks mat Diktat. De Schäfferot fillt sech duerch Nofroe vun der

Oppositioun genervt. Déi lescht 6 Joer si vill Chance verpasst ginn, fir eis Gemeng no vir ze bréngen. Eng aner Politik ass nëmmen duerch eng aner Majoritéit méiglech.

Am Gemengerot huet sech de Jean-Jacques och ëm d’Verkéiersproblemer an der Gemeng gekëmmert.

„ Eis Gemeng steet viru groussen Erausfuerderungen: e Stadion mat Akafszenter zu Léiweng, e Logistikzenter um Site WSA, en Ausbau vun der Eisebunn an der Autobunn. Mir wëllen e Schäfferot, dee sech fir d’Interessië an d’Liewensqualitéit an eisen Uertschaften asetzt. Fir d’LSAP ass eng Ëmgehungsstrooss en Tabu. Mir mengen, datt eng weider Verkéiersbelaschtung inakzeptabel ass a fuerderen dofir vum Staat Kompensatiounen, sollten déi national Projet’en realiséiert ginn.

De Jean-Jacques ass Chef vum Interventiounszenter vun de Rettungsdéngschter. Him ass keng Stonn ze fréi oder ze spéit fir an den Asaz ze goen.

„ De fräiwëllegen Asaz stéisst u seng Grenzen. Mir mussen awer assuréieren, datt all Mënsch deen Hëllef brauch, och Hëllef ka kréien. Mir setzen eis fir eng

regional Zesummenaarbecht vun de Rettungsdéngschter an.

Kontakt: ) 51 11 93 * [email protected]

D’Nadine Stefanutti-Larosch (35) wunnt mat sengem Mann Patrick Stefanutti an hirem Bouf Max zu Beetebuerg. D’Nadine huet eng Bankléier gemaach a schafft haut bei enger Investmentfonds-Gesellschaft. Nieft sengem Beruff huet d’Nadine mat sengem Mann an engem Kolleg eng Firma gegrënnt, wou hat friulanesch Spezialitéiten importéiert a verkeeft.

„ De Patrick ass wéi ech zu Beetebuerg grouss ginn, kennegeléiert hu mir eis während dem Führerschäin. Hien ass bei der Bunn als Lokführer, ech schaffen an der Stad als Privatbeamtin. Duerch d’Kenneléiere vum Patrick, dee scho joerelaang bei de Beetebuerger Scouten aktiv war, hu mir dunn mateneen d’Raro hei zu Beetebuerg geleet. Esou hunn ech mech schonn deemools fir d’Gemeng an d’Jugend engagéiert.

D’Nadine gesäit säin politescht Engagement als logesch Suite vu senger Scoutszäit.

„ Bei de Scouten heescht et, dat een d’Welt soll e klengt Stéck besser verloossen, wéi een sech virfonnt huet. Ech mengen, dat si mir och eise Kanner schëlleg.

Haut hëlleft d’Nadine bei der Elterevereenegung, als Mamm ass et him wichteg, dat eis Gemeng méi kannerfrëndlech gëtt.

„ Och an der Gemeng bleift munches ze verbesseren. Mir wunnen no un der Diddelenger- an der Escherstrooss. Alleng d’Verkéierssituatioun ass eng Zoumuddung. D’CSV huet sech fir Verbesserungen staark gemat. Tempo 30 an de Wunnquartieren ass alleng néideg, fir dat d’Kanner méi sécher ënnerwee kënne sinn. Mä och eng Entlaaschtung vum Duerchgangsverkéier muss endlech an Ugrëff geholl ginn.

Kontakt: ) 621 271 770 * [email protected]

Page 10: Eis Kandidaten

10 CSV EIS PRIORITEITEN

Nei Chancen.Eis Prioritéiten 2011-2017.

1. Eng biergerno Gemeng

Mir wëllen eng absolut Demokratie amplaz vun enger absolut Majoritéit. No 24 Joer wëlle mir duerch eng staark CSV eng weider absolut Majoritéit vun der LSAP verhënneren. Dat ass d’Viraussetzung fir e neie Politikstil an eiser Gemeng: Besser Decisiounen duerch méi Diskussioun. De Gemengerot soll sech bei sengen Entscheedungen op den Avis vu liewegen Kommissiounen verloosse kennen. Mir wëllen Bierger fréi an den Décisiounsprozess abannen.

2. Eng kannerfrëndlech Gemeng

Mir wëllen modern Schoulen an eng flexibel Kannerbetreiung an eisen Uertschaften. Mir trieden fir eng méi enk Vernetzung vun Kannerbetreiung a Schoul an. De Bau vun enger neier Schoul fir Plaz an de bestoenden Gebaier ze gewannen an de neien pädagogeschen Ufuerderungen gerecht ze ginn, schéngt eis noutwenneg.

3. Eng sécher Gemeng

Méi Sécherheet duerch manner Verkéier. Wann eis Gemeng weider belaascht gëtt, duerch Logistikzenter, Stadion an Mega-Akafszenter, da mussen entspriechend Kompenséierungen kommen! Mir setzen eis dofir an, dat e Mobilitéitskonzept fir eis Regioun ausgeschafft gëtt. Eng Ëmgehungsstrooss kann dobäi net direkt zum Tabu erklärt ginn. Mir si fir eng regional Zesummenaarbecht vun eisen Rettungsdéngschter an wäerten e neie Standuert fir den Zenter iwwerpréiwen.

Page 11: Eis Kandidaten

CSV. De séchere Wee.

11

4. Eng fair Gemeng

Mir wëllen betreit Wunnen ausbauen a soziale Wunnengsbau endlech nees ënnerstëtzen. Virun allem jonk Famillen sollen nees eng Zukunft an eiser Gemeng hunn. Zum Beispill doduerch, datt d’Gemeng Bauterrain zu gënschtegen Konditiounen zur Verfügung stellt. Mir schafen déi onsozial LSAP-Bautaxe vu 6000 Euro am éischte Budget of.

5. Eng lieweg Gemeng

Mir setzen op d’Veräiner fir Zesummeliewen an eiser Gemeng nei ze beliewen. Dofir mussen d’Veräiner gestäerkt ginn. Duerch eng organisatoresch Hëllef, zielorientéiert Subsiden a bescht Infrastrukturen. Duerch e neie Kulturzenter soll an der Sportshal Plaz ginn fir d’Sportsveräiner.

6. Eng nohalteg Gemeng

Mir wëllen eng transparent Ausschaffung vun engem neie Bebauungsplang. Net Promoteuren sollen decidéieren, wei eis Gemeng sech soll entwéckelen, mä d’Politik an d’Bierger. Mir sinn fir e moderate Wuesstem vun eisen Uertschaften. Prioritär mussen Baulücken geschloss ginn. Nei Lotissementer mussen un den ëffentlechen Transport ugeschloss sinn. Mir wëllen de Verkéier an eisen Uertschaften och duerch kuerz Weeër stabiliséieren.

Mir sanéieren déi kommunal Gebaier a suergen fir eng erneierbar Energieversuergung vun allen Ménagen. Wien sech fir „grénge Stroum“ décidéiert soll finanziell ënnerstëtzt ginn.

Page 12: Eis Kandidaten

12 CSV BEETEBUERG

CSV. Zesumme wuessen.

CSV On Tour zu Beetebuerg

Gutt iwwer 200 Leit hu beim CSV On Tour zu Beetebuerg am Schlass mat de Minister Jean-Marie Halsdorf a Fränz Biltgen a mat den Deputéierten aus dem Süden diskutéiert. D’CSV-Politiker hunn op d’Froen vun de Bierger versicht eng Äntwert ze ginn.

„D’CSV diskutéiert net nëmme virun de Wahlen mat de Leit“, sou de Laurent Zeimet, President vun der Sektioun Beetebuerg. All Joer geet déi national d’CSV „on Tour“ fir hir Politik z’erklären an de Bierger hir Meenung ze héieren.

Fréijoersfest

Chance mam Wieder hat d’CSV den 22. Mee um Fréijoersfest. Vill Leit hunn am Nomëtteg bei der Kandidaten-Tombola matgespillt, déi 13 Kandidaten fir d’Gemengewahlen hate jiddereen eng Corbeille mat Iwwerraschungen zesummegestallt.

Dir wëllt d’CSV ënnerstëtzen?5 Saachen déi Dir maache kennt:

1. CSV wielen!

2. Member ginn! Mat Ären Iddien d’CSV weider stäerken.

3. Mat Äre Frënn a Nopere schwätzen a si mat bei d’ CSV bréngen.

4. Ziedel ausdeelen, Plakater pechen, Mailen verschécken: All Hand ass wëllkomm, déi mat upake well. Dir kennt d’CSV och um Internet ënnerstëtzen. Mellt Iech bei eise Kandidaten oder iwwer Mail: [email protected]

5. En Don maachen: BCEE LU11 0019 7300 1091 8000 (Beneficiaire: CSV Bettembourg). Nom Gesetz vum 21. Dezember 2007 iwwert Parteiefinanzéierung däerfen nëmme Privatpersounen Dons’en un eng Partei maachen. Anonym Dons’en si verbueden. Dons’en iwwert 250 € am Joer gi publik gemaach. Als Don ass ze verstoen: „Toute acte volontaire en vue d’accorder à un parti politique un avantage précis de nature économique et évaluable en numéraire.”

www.bettembourg.csv.lu